lëtzebuergesch Schwëmmerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lory oder Laury, gebuer als Laure Koster de 24. Abrëll 1902 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 22. Oktober 1999, war eng Musekerin a Schwëmmerin.
Laure Koster | |
---|---|
Gebuer |
24. Abrëll 1902 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
22. Oktober 1999 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schwëmmer |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1924 |
Famill | |
Geschwëster | Lou Koster |
Zesumme mat der Renée Brasseur war si déi éischt lëtzebuergesch Schwëmmerin déi bei den Olympesche Spiller vu Paräis (1924) matgemaach huet, wou si op den 200 Meter Brasse ugetrueden ass. An den Eliminatoiren ass si de 16. Juli an der Zäit vun 3'35''0 an der zweeter Serie op déi 2. Plaz komm a konnt sech fir d'Finall qualifizéieren. An der Finall, déi den 18. Juli geschwomme gouf, ass si ënner 15 Konkurrentinnen aus 8 Natiounen déi 6. ginn an der Zäit vun 3'39''2.[2]
D'Laure Koster war d'Sëschter vun der Lina a Lou Koster[3], an e Kandskand vum Franz Ferdinand Bernard Hoebich, dem éischten Dirigent vun der Lëtzebuerger Militärmusek. No de Spiller vun 1924 ass si aus dem ëffentleche Sportliewe verschwonnen, si ass mam Cyrille Bodson[4][5] bestuet ginn an huet an der Belsch eng Famill gegrënnt; d'Koppel hat zwee Kanner[6].
D'Laure Koster war Cellistin, Pianistin an huet an den 1920er Joren als Saxophonistin am « Ladies Orchestra ‘The Stars’ » gespillt[7]. Déi dräi Koster-Schwësteren hunn och d'Stommfilmer an de Stater Kinoe musikalesch begleet[4].
An den 1950er Joren huet si am RTL-Orchester Cello gespillt.
Nodeems si sech aus dem Sport zeréckgezunn hat, gouf si zu Lëtzebuerg e bësse „vergiess“, bis sech 1959 am Ministère nees u si erënnert gouf a si doropshi mat der sëlwer Médaille du mérite sportif ausgezeechent gouf.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.