Remove ads
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lannenallee um Gréiwelsser Haff ass eng Allee mat haaptsächlech Lannen (Tilia, (fr) tilleul, (de) Linde) zu Bartreng, op der Héicht vun der Gréiwelsser Barrière. Wéinst hirem Gesamtandrock zielt d'Lannenallee zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Lannenallee um Gréiwelsser Haff | |
---|---|
D'Lannenallee um Gréiwelshaff, Richtung Lonkecher Strooss gekuckt. (Mee 2008) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg, Allee |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bartreng |
Plaz | Gréiwelsser Haff |
Koordinaten | 49°35'49,99"N, 6°2'44,48"O |
Bamaart | Lannen, Eschen, Eechen |
Héicht | 21 m (2000) |
Duerchmiesser | 1,43 m (2000) |
Ëmfang | 2,54 m (2000) |
De geneeën Alter vun der Allee ass net bekannt an et ass och net gewosst ob et sech ëm Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlannen (Tilia cordata) handelt.
D'Lannen, tëscht deene vereenzelt Eschen an Eeche stinn, stinn an enger Allee, déi op der Héicht vun der Gréiwelsser Barrière vun der Lonkecher Strooss (E44 / N5) bis bei dat éischt Wunnhaus beim Haff féiert. Se läit an der Sektioun Luerenzscheier vun der Gemeng Bartreng.
Bis elo (2024) gouf et op Pabeier nach keng Verëffentlechung mat der Beschreiwung a Fotoe vun dëser Allee.
Joer | [1] | ||
---|---|---|---|
2000 | 2,54 | 1,43 | 21,00 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Commons: Lannenallee um Gréiwelsser Haff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.