Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lann zu Hueschtert, ass eng Lann (Tilia, (fr) tilleul, (de) Linde) déi zu Hueschtert an der Gemeng Nidderaanwe steet an déi wéinst hirem Alter an hirer imposanter Gréisst zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
Lann zu Hueschtert (Nidderaanwen) | |
---|---|
D'Lann zu Hueschtert. Lénks déi fréier Entrée vum Kierfecht (Juni 2008). | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Nidderaanwen |
Plaz | Hueschtert |
Adress | rue Andethana |
Koordinaten | 49°39'19,22"N, 6°13'58,51"O |
Héicht | 28 m (2000) |
Duerchmiesser | 1,12 m (2000) |
Ëmfang | 3,51 m (2000) |
Et ass net gewosst op dëse Bam eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass, an och hire geneeën Alter ass net bekannt.
De Bam steet an der Sektioun Ueweraanwe vun der Gemeng Nidderaanwen. Déi genee Positioun ass an der rue Andethana, nieft dem alen Agank vum Kierfecht (deen haitegen Agank läit ronn 50 m erof an der Strooss).
D'Lann steet zum Deel um Trëttoir an an der Strooss. Hir Kroun ass onsymmetresch entwéckelt: zur Säit vum Kierfecht hi ginn d'Äscht breet auserneen; zur Strooss hi goufen d'Äscht staark zeréckgeschnidden; och gouf hire Wuesstem duerch d'Bamkrounen aus dem Bësch op där anerer Stroossesäit behënnert.
De 25. Juni 2008 ass bei engem stuermaartegen Donnerwieder en Haaptaascht ofgebrach an an d'Strooss gefall.
Joer | [1] | Bemierkung | ||
---|---|---|---|---|
1958 | 3,36 | 1,43 | ||
1980 | 3,62 | 1,15 | ||
2000 | 3,51 | 1,12 | 28,00 | De Bam hätt also a ronn 20 Joer un Déckt ofgeholl, wat onwarscheinlech ass. |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Zanter 1962 gouf et keng verëffentlecht Foto a keng Beschreiwung vun dësem Bam.
Commons: Lann zu Hueschtert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.