From Wikipedia, the free encyclopedia
Kompott ass eng Aart Gebeess[1] an e séisse Plat aus Uebst, dat gekacht oder agemaach ginn ass. Och aus Geméis, wéi zum Beispill Rubbarb, kann ee Kompott maachen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Uebstprodukt. Fir dat südslawescht Gedrénks, kuckt wgl. Kompot. |
Ursprénglech war de Kompott e Plat bei dem - am Géigesaz zum gewéinleche Gebeess - d'Uebst (ganz oder a Stécker) och nom Kache seng Form nach méi oder wéineger behalen huet.
Kompott gëtt aus ganzem Uebst oder aus Uebst a Stécker gemaach, beispillsweis aus Aprikosen, Pijen, Bieren, Kiischten, Quetschen oder Äppel. Déi ginn an enger Flëssegkeet (Waasser, Sirup, Fruuchstaaft oder Wäin) lues gekacht. Meescht kommen nach Gewierzer wéi Kanéil, Vanill, Zitroun, Korënten oder Neelcheskäpp derbäi. De Kompott ka frësch waarm oder kal zerwéiert ginn, oder a Glieser agekacht ginn.
De Kompott gëtt dacks als Dessert zerwéiert, wéi dat zum Beispill a Frankräich dacks de Fall ass, oder als Begleedung fir en anere séissen oder net-séisse Plat (zum Beispill Fleesch).
Commons: Uebstkompott – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.