kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch vu Rolleng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Péiteng gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Rolleng | |||
Par | Par Kordall Sainte-Barbe | |||
Dekanat | Dekanat Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Hl. Maria Magdalena | |||
Konsekratioun | 1935 | |||
Architekt(en) | Jean Deitz | |||
Koordinaten | 49° 32’ 41.8’’ N 05° 51’ 17.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Se ass der helleger Maria Magdalena geweit. Iwwer dem Agank vun der Kierch ass eng Skulptur vun der Maria Magdalena vum Claus Cito. Um Sockel vun der Skulptur steet de Baudatum 1935.
Se steet op der Kräizung vun der Rue de l'Église, der Rue de la Fontaine, der Grand-Rue an der Avenue de la Gare.
D'Kierch gouf vun 1933-1935 no de Pläng vum Architekt Jean Deitz am Stil vun den 1930er Jore gebaut, mat z. B. engem flaache Plaffong. Se huet eng Kierch aus dem 19. Joerhonnert vum Architekt Antoine Hartmann ersat (den Tuerm ass nach deen alen). Tëscht 1997 an 2000 hu grouss Renovéierungsaarbechte stattfonnt, no de Pläng vum Louis Weisgerber. Den 18. November 2000 huet den Äerzbëschof Fernand Franck d'Kierch mam neien Altor geweit. D'Kräizegungsgrupp vum Albert Hames aus dem Joer 1979 huet eng Plaz hannen am Chouer, iwwer dem Tabernakel fonnt.
De 15. Januar 2006 huet den Äerzbëschof Fernand Franck eng nei Thunus-Uergel an der Rollenger Kierch ageseent.
D'Klacke vu Rolleng waren ursprénglech fir d'Kierch vun Hoen bestëmmt. Déi goufen 1862 vum Nicolas Jaclard vu Metz gegoss. Nodeems d'Klacken awer scho fäerdeg waren, gouf zu Hoe festgestallt, datt déi Klacke vill ze deier wieren. An der Tëschenzäit war méi eng bëlleg Géisserei fonnt ginn, nämlech d'Firma Goussel Jeune vu Metz. Sou goufen déi zwou Klacken dunn 1863 fir 2.580,60 Frang der Rollenger Kierch verkaaft, nodeems do déi fréier Klack ee Rass kritt hat. Zesumme weien d'Klacke 561 kg.
Nr. | Numm | Duerchmiesser (cm) | Gewiicht (kg) | Toun | Géisser | Gossjoer |
---|---|---|---|---|---|---|
1 | Antonius | 88 | g' | Nic. Jaclard | 1862 | |
2 | Donatus | 68 | c" | Nic. Jaclard | 1862 |
Commons: Kierch Rolleng (Péiteng) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.