kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Miedernach ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kierch vu Miedernach 2016 | ||||
Uertschaft / Plaz | Miedernach | |||
Par | Mëllerdall Saint-Michel | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péiter a Paul | |||
Koordinaten | 49° 48’ 34.1’’ N 06° 13’ 05.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréiner sinn déi helleg Péiter a Paul,[1] als Niewepatréiner figuréiert den hellegen Haupert deem seng Statu iwwer dem Entréesportal steet..
Zur fréierer Par Miedernach hunn ausser der Parkierch vu Miedernach och nach d'Filialkierch vun Iermsdref an d'Kapell vu Suewelbuer gehéiert.
D'Kierch gouf 1805[2] an neo-romanescher Architektur zu Miedernach gebaut.
Vun historeschem Intressi ass virun allem den Altor aus dem Joer 1712, deen aus der fréierer Franziskanerkierch vun Dikrech hierkoum. Dës gëtt et haut net méi, si stoung op der Kluuschter-Plaz. Och de Buffet vun der Uergel, déi 2004 nei agebaut gouf, ass aus der selwechter Kierch.[3]
De 7. Mee 2004 gouf d'Kierch mat dem historesche Mobiliar op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[4]
Commons: Kierch Miedernach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.