kathoulesch Kierch an der Gemeng Mamer From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Mamer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Mamer gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Mamer | ||||
Uertschaft / Plaz | Mamer | |||
Par | Mamerdall Saint-Christophe | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Johannes | |||
Konsekratioun | 1932 | |||
Architekt(en) | Fr. Eydt (1843) Jos. Jentgen (1931) | |||
Koordinaten | 49° 37’ 35.1’’ N 06° 01’ 21.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellege Johannes, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.
Si steet op der Dippecher Strooss, dem CR102.
Hir Urspréng gi bis an d'Mëttelalter zeréck an d'Par gouf eng éischt Kéier am Joer 983 ernimmt.
Et goufen am Ganze 6 Kierchen op där Plaz nogewisen an zwar:
1996-2002 gouf d'Kierch restauréiert.
De Priedegtstull staamt aus dem Joer 1733, an e gouf vum Nicolas Greeff (Jong) hiergestallt. De Priedegtstull ass fräischwiewend. Um Kuerf vum Priedegtstull fënnt een déi véier Evangelisten, de Markus mam Léiw, de Lukas mam Stéier, de Mathäus an de Johannes mam Aadler.Um sechseckege Baldachin schwieft an der Mëtt den Hl. Geescht a Form vun enger Dauf. Op den Ecke sinn Engelskäpp ze gesinn. Op der Réckwand vum Priedegtstull ass Christus ofgebilt als gudden Hiert. Ënner dem Bild vu Christus steet a gëllener Schrëft EGO SUM PASTOR BONUS.
Am Joer 1890 krut d'Mamer Kierch hir éischten Uergel. Déi war gestëft ginn vun enger Elisabeth Rendel. Gebaut gouf d'Uergel vun der berüümter Uergelbaufirma Charles Wetzel vu Stroossbuerg, der Nofollgerfirma vun der Uergelbauerdynastie vun de Silbermann. Schonn déi Uergel hat en aussergewéinlech grousse Manualëmfank fir déi Zäit, an eng metalle mechanesch Traktur. 1932 gouf dës Uergel renovéiert an e Motor agebaut.
Déi aktuell Uergel vun der Mamer Kierch staamt aus den 1960er Joren. Nodeem d'Kierch 1960 renovéiert gi war, huet d'Lëntgener Uergelmanufaktur Haupt eng Offerte eragereecht fir e kompletten Neibau. Dat war no dem Doud vum Uergelbaumeeschter Georg Haupt, wou d'Fabrik vu senger Wittfra weidergefouert gouf, mä 1963 Faillite gemaach huet. Trotz diverse Bedenke gouf e Vertrag mat der nei gegrënnter "Fabrique d'orgues luxembourgeoise s.à.r.l. Lintgen ënnerschriwwen, déi ënner der technescher Leedung vum Lëtzebuerger Uergelbauer Nikki Loewen stoung. Den 10. Januar 1965 gouf d'Uergel, déi bis haut onverännert blouf, ageweit. Si huet 2 Manualer (Haaptwierk a Schwellwierk) an eng Pedall, déi néideg Koppelen, II/I - I/P - II/P, eng fräi Kombinatioun, 4 fest Kombinatioune P - MF - F an Tutti, en Tounschweller um II. Manual, an e Regësterschweller. D'Uergel funktionéiert mat enger elektrescher Traktur a mat "Kegelladen".
Mëtt September 2008 huet den Uergelbaumeeschter Th. Erz vu Wasserliesch domat ugefaangen, d'Uergel ze restauréieren. Dobäi geet et ëm:
Den Devis beleeft sech op 87.000 €.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.