Remove ads
kathoulesch Kierch an der Gemeng Esch-Uelzecht From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Esch-Lalleng, ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille an zu der Gemeng Esch-Uelzecht gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Lallenger Kierch (Jan. 2024) | ||||
Uertschaft / Plaz | Esch-Lalleng | |||
Par | Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille | |||
Dekanat | Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Maria Kinnigin | |||
Konsekratioun | 21. Nov. 1953 | |||
Architekt(en) | Isidore Engler | |||
Baujoer | 1952-53 | |||
Koordinaten | 49° 30’ 27’’ N 05° 59’ 19’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Esch-Lalleng an huet zum Parverband Esch-Uelzecht, zu der Pastoralregioun Süden an zum Dekanat Esch-Uelzecht gehéiert.
D'Kierch, déi am November 1953 ageweit gouf, ass Maria, der Kinnigin vun der Welt geweit. D'Fest gëtt den 22. August gefeiert.
Se steet op der Kräizung vun der Lëtzebuerger Strooss (N4), dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (N4C) der Monnerecher Strooss (CR106) an dem Boulevard Aloyse-Meyer (CR170).
Nieft der Kierch steet op der Westsäit (Monnerecher Strooss) e Weekräiz.
Et ass eng modern Kierch. De Grondsteen gouf de 6. Juli 1952 geluecht[1].
An der Fassad iwwer dem Agank steet eng grouss Statu vun der Muttergottes als Kinnigin[2].
De Mosaik am Chouer ass vum Jean Barillet vu Paräis a stellt d'Kréinung vu Maria duerch d'Dräifaltegkeet duer. Ze gesi sinn och nach de Johannes den Evangelist an de Pius X. Den Dafsteen ass vum Emile Hulten, d'Fënstere vum Frantz Kinnen stellen Zeenen aus dem Liewe vun der Muttergottes duer.
Um Duxall steet eng Westenfelder-Uergel mat 15 Regëster, déi den 21. November 1987 ageweit gouf.
Am Kierchtuerm hänken dräi Klacken, déi an den Téin h', a' a fis lauden.
Commons: Kierch Esch-Lalleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.