From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch vu Biebereg ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Préizerdaul gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Biebereg (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Biebereg | |||
Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
Numm / Patréiner | Hl. Rochus | |||
Koordinaten | 49° 47’ 44.9’’ N 05° 56’ 23.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch steet an der Kierchestrooss (rue de l'Église) hanner der Schoul.
Den 10. Oktober 2023 gouf proposéiert, s'als nationalen Architekturpatrimoine ze klasséieren.[1]
1802 gouf zu Biebereg en neit Kaplounshaus gebaut an et ass eng eegestänneg Par ginn.[2] Virdrun huet et zur Par Osper gehéiert.
An de Joren 1828 an 1860 ass d'Kierch vergréissert ginn. 1884 gouf de Chouer ugebaut an den alen Deel vun der Kierch restauréiert. Déi vergréissert Kierch gouf 1888 konsekréiert.
1892 goufen op béide Säite vum Kierchtuerm kleng Tierm ugebaut. An deem Joer goufen och zwou nei Klacken ugeschaaft.
Commons: Kierch Biebereg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.