lëtzebuergeschen Turner From Wikipedia, the free encyclopedia
De Josy Stoffel, gebuer de 27. Juni 1928 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 9. Mäerz 2021 zu Esch-Uelzecht[1],[2] war e lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.[3]
Josy Stoffel | |
---|---|
Gebuer |
27. Juni 1928 Déifferdeng |
Gestuerwen |
9. Mäerz 2021 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Turner |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1964, Olympesch Summerspiller 1960, Olympesch Summerspiller 1956, Olympesch Summerspiller 1952, Olympesch Summerspiller 1948 |
Famill | |
Bestuet mat | Yvonne Stoffel-Wagner |
Wärend 16 Joer vun 1949 bis 1964, war en ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turnen an huet op véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympesche Spiller (London 1948, Helsinki 1952, Melbourne 1956, Roum 1960 an Tokio 1964) matgemaach.[4]
Seng bescht international Resultater waren:
1957 an 1960 gouf hien zum Sportler vum Joer gewielt.
Seng Fra, d'Yvonne Stoffel-Wagner, war och Turnerin an zanter 1945, wéi hien, Member vum Déifferdenger Turnveräin.
No senger aktiver Karriär war hien Nationaltrainer zu Lëtzebuerg (1965 - 1972). Virdru war e schonn Nationaltrainer an der Belsch (1955 - 1965). Hie war Trainer vun der Espérance Déifferdeng vun 1960 - 1976. Zu senge Schüler huet den Ady Stefanetti gehéiert.
Virdrun | Sportler/Sportlerin vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Charly Gaul | 1957 | Charly Gaul |
Jean Link | 1960 | Sylvie Hülsemann |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.