From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre François Joseph Junck, gebuer de 14. August 1839 a Clausen, a gestuerwen de 27. Juli 1922 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Philantrop, Gewerkschaftler a Groussmeeschter vun der Fräimaurer-Loge.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Joseph Junck | |
---|---|
Gebuer | 14. August 1839 |
Gestuerwen | 27. Juli 1922 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gewerkschaftler |
Den 1. Oktober 1859 krut hien eng Plaz bei der franséischer Compagnie des chemins de fer de l'Est.
1872 gouf hie Chef de gare zu Wëlwerwolz.
1873 krut hien déi selwecht Plaz zu Dummeldeng.
Den 13. September 1875 gouf de Junck Chef de gare an der Stad Lëtzebuerg an hien ass op där Plaz bliwwe bis den 31. Dezember 1911.
Op der Fassad vun der Stater Gare ass de Junck vu sengem Frënd, dem Sculpteur Pierre Federspiel, veréiwegt ginn.
De Joseph Junck ass e Virfahr vum Roland Junck.
Vun 1909 bis 1922 war de Joseph Junck den éischte President vum Landesverband.
Hei ass d'Lëscht vun den Auszeechnungen déi hien hat sou wéi se a senger Doudesannonce opgezielt sinn[1]:
Déi fréier rue du Tramway, déi vis-à-vis vun der Gare bis an d'Stroossbuerger Strooss féiert, gouf a rue Joseph Junck ëmbenannt (PLZ:1839)[2]
Commons: Joseph Junck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.