Jean Zens

lëtzebuergeschen Entrepreneur a Moler From Wikipedia, the free encyclopedia

Jean Zens
Remove ads

De Jean Zens, gebuer den 22. Abrëll 1832 am Rollengergronn, a gestuerwen do, de 14. Februar 1916, war e lëtzebuergeschen Entreprener a Moler[1].

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...
Thumb
Reklamm vun Zens frères (1884)

De Jean Zens war e Jong vum Pierre Zens an der Elisabetha Henrici[2]. Wéi säi Papp huet den Zens an der Faïenceindustrie geschafft, hie gouf dofir a verschiddenen Atelieren ausgebilt[3].

1874 huet den Zens mat sengem Brudder Pierre (1843-1921) an dem Moler August Kunz (1830-1878) eng eege Firma opgemaach, wou Parzeläin aus Frankräich an aus Däitschland bemoolt gouf. D'Manufacture Royale Grand-ducale de peinture céramique Zens Frères à Echternach gouf an enger fréierer Kasär, no bei der Iechternacher Abtei gegrënnt. Véier Joer méi spéit krute si eng Sëlwermedail fir hir Aarbecht op der Exposition Universelle, der Weltausstellung zu Paräis[4]. D'Firma krut Bestellunge vu Parzeläinsproduzente wéi Villeroy & Boch a Manufacture de porcelaine de Limoges. 1880 gouf de Jean Zens Member an der Handelskummer. Zens Frères ass ëm 1886 an d'Groussgaass an der Stad geplënnert. 1908 gouf d'Firma opgeléist.

Den Zens huet sech als Blummemoler en Numm gemaach, hien huet Blummenarrangementer op Parzeläinsvasen a Geschier an Aquarellen op Léngent gemoolt. Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg.

De Jean Zens ass am Alter vun 83 Joer gestuerwen.

Remove ads

Den Aquarellist

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Jean Zens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Welter, J., réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Gebuertsschäin Nr 55 vun 1832 aus der Gemeng Eech.
  3. "Zens frères", industrie.lu : d'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads