From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Wilwert, gebuer de 26. Juli 1876 zu Welleschten, an och do den 10. Oktober 1953 gestuerwen,[1] war e lëtzebuergesche Wënzer, deem säi Papp och Jean Wilwert geheescht huet.[2]
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Wënzer Jean Wilwert vu Welleschten. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt wgl. Jean Wilwert. |
Jean Wilwert | |
---|---|
Gebuer |
26. Juli 1876 Welleschten |
Gestuerwen |
10. Oktober 1953 Welleschten |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Wënzer |
Hie war mat der Catherine Brücher bestuet, der Schwëster vum Nicolas Brücher, déi 1927 am Alter vu knapp 47 Joer gestuerwen ass. Zesummen haten si 9 Kanner.
Hie war 1930 Grënnungspresident vun der Wënzergenossenschaft Wellesteen.[3][4] No enger Rei Jore koum et zum Sträit an hien ass aus der Genossenschaft ausgetrueden fir als Privatwënzer weider ze maachen. Hien hat sech doropshin ënner anerem op "Masswäin" spezialiséiert an huet och d'Kathedral beliwwert. De Wënzerbetrib Wilwert-Brücher war och jorelaang och Fournisseur de la Cour. No sengem Doud sinn e puer vu senge Kanner, déi och Wënzer waren, erëm an d'Genossenschaft agetrueden.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Wellesteen eng Strooss, d'Rue Jean-Wilwert (L-5470), no him genannt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.