Jean Kuffer
lëtzebuergesche Bobfuerer From Wikipedia, the free encyclopedia
lëtzebuergesche Bobfuerer From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Kuffer, gebuer 1907 oder 1908[2],[3], a gestuerwen de 15. Juli 1969[3], war e lëtzebuergesche Sportler am Bobfueren.
Jean Kuffer | |
---|---|
De Jean Kuffer (lénks) mam Baron Lunden (riets) an der Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg[1] | |
Gestuerwen |
15. Juli 1969 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sportler, Bobfuerer |
Gewiicht | 102 kg |
Huet matgemaach bei | Bob-Weltmeeschterschaft 1939 |
Hien huet d'Goldmedail am Zweeërbob op der Weltmeeschterschaft 1939 zu Sankt Moritz an der Schwäiz, zesumme mam Belsch Baron René Lunden um Steier, gewonnen[4].
Ursprénglech sollten zwou Lëtzebuerger Ekippen untrieden:
De Koch hat sech awer beim Training blesséiert, sou datt deen net matfuere konnt an de Michels wollt net deelhuelen, well d'Naturäisbunn him zevill geféierlech war. An der belscher Ekipp war de Véiererbob och accidentéiert a just de Pilot, de Baron René Lunden gouf net blesséiert.
A leschter Minutt ass de Jang Kuffer agesprongen a mam Baron Lunden un de Start gaangen, nodeems dat vun der FIBT (Fédération internationale de bobsleigh et tobogganging) positiv aviséiert gi war. A si sinn du Weltmeeschter ginn! Dat erkläert och datt de Coequipier vum Baron Lunden meeschtens mat engem falschen Numm an de Medailen-Archiven ugi gëtt an d'Goldmedail als Goldmedail fir d'Belsch enregistréiert ass.
Mat der Goldmedail déi de Jean Kuffer als Coequipier gewonnen hat, ass d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Bobfuerer eriwwer; no 1939 ass keng lëtzebuergesch Ekipp méi bei internationale Championnater ugetrueden.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.