lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Pierre Theisen, gebuer den 9. November 1863 zu Hënchereng, a gestuerwen de 25. Mäerz 1950 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[1]
Jean-Pierre Theisen | |
---|---|
Hie war vun 1883 bis 1919 Schoulmeeschter zu Esch-Uelzecht. Vun 1892 un huet hie lues a lues eng Klassen-, dono eng Schoulbibliothéik opgebaut, aus där sech d'Escher Volleksbibliothéik erausgebilt huet. 1919 gouf dës offiziell zu der Escher Bibliothéik ëmbenannt. Den Theisen gouf do Bibliothekar a blouf dat bis 1929.
De Jean-Pierre Theisen ass och Auteur vu Beiträge zur Geschichte der Stadt Esch an der Alzette (1937) an enger Etüd iwwer d'Entwicklung des Unterrichtswesens in Esch an der Alzette.
Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot de 27. Oktober 1960 decidéiert, eng Sakgaass, d'Résidence Jean-Pierre Theisen, no him ze nennen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.