From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Pierre ("Jemmy") Koltz, gebuer de 27. Mee 1909 zu Frankfurt am Main, a gestuerwen de 6. Februar 1989 an der Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergeschen Ingénieur technicien an Historiker.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Historiker Jean-Pierre ("Jemmy") Koltz. Fir de Botaniker, kuckt wgl. Jean-Pierre-Joseph Koltz. |
Jean-Pierre Koltz | |
---|---|
Gebuer | 27. Mee 1909 |
Gestuerwen | 6. Februar 1989 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker |
Dem Jemmy Koltz säin Haaptfuerschungsthema a seng Passioun war d'Baugeschicht vun der Festung Lëtzebuerg. Hien huet dofir d'Archiver an d'Pläng studéiert, déi doruechter an Europa, ë. a. an den Haaptstied vun deenen, déi eng Zäit laang Här a Meeschter an der Festung waren, verspreet sinn. Hien huet Deeler vun de Kasematten sou an d'Rei sëtze gelooss, datt se vum Public kënne besicht ginn.
De Jemmy Koltz war President vum Syndicat d'Initiative vun der Stad Lëtzebuerg a vun der Commission des sites et monuments nationaux. Säin Asaz huet och der Restauratioun vu verschiddene Buergen a Schlässer gegollt, besonnesch dem Deel-Neesopbau vum Veianer Schlass, dat zanter dem 19. Joerhonnert eng Ruin war. Hie war den éischte Vizepresident vun de Frënn vum Veiner Schlooss.
Hien huet eng Hellewull Aarbechten iwwer d'Festung Lëtzebuerg a Buergen a Schlässer publizéiert, war Korrespondent vun der Noriichten-Agence Belga a journalistesch aktiv wéi déi Héich Autoritéit vun der CECA 1952 zu Lëtzebuerg mat hirer Aarbecht ugefaangen huet.
Säi Grousspapp war de Botaniker Jean-Pierre-Joseph Koltz.
An der Stad Lëtzebuerg gouf eng Strooss no him geannt.[1]
(Auswiel)
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.