lëtzebuergesche Professer an Historiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Marie Majerus, gebuer den 22. November 1959, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker a Publizist.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Historiker Jean-Marie Majerus. Fir de Kënschtler, kuckt wgl. Jean-Marie Majerus (Kënschtler). |
Jean-Marie Majerus | |
---|---|
Gebuer | 22. November 1959 |
Aktivitéit | Lycéesprofesser, Historiker |
Nom Secondaire am LGL an am Kolléisch, huet hien 1980 am deemolege Centre universitaire vu Lëtzebuerg an duerno op der Universitéit Nanzeg Geschicht studéiert.
No sengem Stage am LGL an am LTML gouf hie Geschichtsprofesser, d'éischt an der Akerbauschoul zu Ettelbréck (1987), duerno am LCD (1996) a schliisslech, zanter September 2009, am Stater Kolléisch.
Zanter enger Rei vu Joren ass hien och am Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman (C.E.R.E.) a Clausen detachéiert.[1]. No der Integratioun vum C.E.R.E. an d'Universitéit Lëtzebuerg an der Demissioun (de 6. Juni 2016) vum Direkter Charel Barthel, dem Nofollger vum Gilbert Trausch un der Spëtz vum Fuerschungszentrum, ass de Jean-Marie Majerus Directeur adjoint vum C.E.R.E. ginn. Hien ass dunn och Member vum Redaktiounscomité vun der Geschichtsrevue Hémecht ginn.
Nieft senge Bäiträg iwwer d'Entwécklung vun der europäescher Integratioun ass de Jean-Marie Majerus haaptsächlech fir seng Kontributiounen iwwer d'Geschicht vun der CSV, vum lëtzebuergeschen Agrarsyndikalismus an iwwer d'Theema groussherzoglech Monarchie bekannt.
De Jean-Marie Majerus ass mat der Véronique Schaber bestuet, déi selwer Geschichtsprofessesch ass a vun 2009 bis 2018 Direktesch vun der Handwierkerschoul an der Stad war an zanterhier Direktesch vum Service de la formation professionnelle am Educatiounsministère ass. D'Koppel lieft zu Walfer an huet zwéin erwuesse Jongen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.