J Harlen Bretz

US-amerikanesche Geolog From Wikipedia, the free encyclopedia

J Harlen Bretz

Den J Harlen Bretz[1],gebuer den 2. September 1882 zu Saranac am Michigan, a gestuerwen den 3. Februar 1981 zu Homewood am Illinois, war en US-amerikanesche Geolog, deen duerch seng Fuerschungen an den Channeled Scablands bekannt gouf. Seng Fuerschungen haten als Resultat d'Unerkennung vun der Theorie vu groussen Iwwerschwemmungen an Nordwest-Amerika, déi sougenannt Missoula-Fluten, um Enn vun der leschter Äiszäit.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
J Harlen Bretz
Thumb
Gebuer 2. September 1882
Gestuerwen 3. Februar 1981
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago
Aktivitéit Geolog, Universitéitsprofesser
Zoumaachen

Hien huet e Wierk iwwer d'Form an den Urspronk vu Karsthiele geschriwwen, an eng ausféierlech Beschreiwung vun den Hielen aus dem Missouri, The Caves of Missouri.

Referenzen

  1. De Bretz huet kee Punkt hanner dem éischten Ufanksbuschtaf gebraucht, kuckt: Bretz, J Harlen (1882-1981). historylink.org
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.