Internationale Fraendag

Weltdag, deen all Joer den 8. Mäerz gefeiert From Wikipedia, the free encyclopedia

Internationale Fraendag

Den Internationale Fraendag, Weltfraendag, Fraekampfdag, Internationale Fraekampfdag oder Fraendag ass e Weltdag, deen all Joer den 8. Mäerz gefeiert gëtt.

Thumb
Däitscht Plakat fir de Fraendag um 8. Mäerz 1914

En ass an der Zäit vum éischte Weltkrich op Initiativ vu sozialisteschen Organisatiounen am Kader vum Kampf ëm d'Gläichberechtegung, dem Fraewalrecht an der Emanzipatioun vun den Aarbechterinnen, entstanen.

Mat enger UNO-Resolutioun aus dem Joer 1977 gëtt den Internationale Fraendag all Joer als offiziellen UNO-Feierdag gefeiert, fir un den historesche Kampf fir d'Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de Fraen z'erënneren[1].

Den Internationale Fraendag zu Lëtzebuerg

  • Den 23. Mäerz 1929 gouf den Internationale Fraendag fir d'éischt zu Lëtzebuerg gefeiert, d'Organisatioun Foyer de la femme hat dozou opgeruff dee Kampfdag ze feieren an op e grousse Fraenowend am Festsall vun der Maison du Peuple zu Esch-Uelzecht agelueden[2].
  • Ënnert dem Kierzel JIF (Journée internationale des femmes) koordinéiert de CID/Fraen an Gender eng Aktiounsplattform mat zirka 20 Veräiner, Gewerkschaften an Organisatiounen[3]. Dës organiséiert zanter 2020 e Fraestreik um Fraendag (oder kuerz virdrun).
  • D'A.s.b.l Centre d'information et de documentation des femmes Thers Bodé (fréier CID-femmes) gouf den 8. Mäerz 1992 um Weltfraendag gegrënnt.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Internationale Fraendag – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Bäilag am Tageblatt vum 20. Mäerz 1929 (Nr. 11), zitéiert op http://fraendag.lu/geschichte/1920-1930/
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.