Hydra (Stärebild)

Stärebild From Wikipedia, the free encyclopedia

Hydra (Stärebild)
Remove ads

D'Waasserschlaang (latäin Hydra) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

Méi Informatiounen Date vum Stärebild Hydra ...
Remove ads

Beschreiwung

D'Hydra ass dat gréisst Stärebild um Nuetshimmel. Et erstreckt sech ënner den Déierekreeszeechen Kriibs, Léiw a Virgo, a ka vun eise Breeten aus am Fréijoer déif um südlechen Horizont gesi ginn.

D'Hydra ass kee markant Stärebild, well déi meescht vu senge Stäre liichtschwaach sinn. Nëmmen den Haaptstär Alphard ass mat 1,98m opfälleg hell.

Geschicht

Déi „weiblech“ oder grouss Waasserschlaang gehéiert zu de Stärebiller aus der anticker griichescher Astronomie, déi schonn dem Ptolemäus bekannt waren.

Am 16. Joerhonnert gouf déi „männlech“, südlech oder „Kleng Waasserschlaang“ (lat. Hydrus) agefouert. Dat Stärebild steet sou wäit südlech, datt et an Europa net ze gesinn ass.

Himmelsobjeten

Stären

Méi Informatiounen B, F ...

Den α Hydrae ass e Stär, deen orange liicht an zu der Spektralklass K3 gehéiert. Hien ass ronn 177 Liichtjoer vun eis ewech.
Den Numm „Alphard“ ass arabesch al farad, wat souvill heescht wéi „Déi déi eleng steet“. Eng aner Bezeechnung ass Cor Hydrae, „Häerz vun der Waasserschlaang“.

Duebelstären

Méi Informatiounen System, Gréissten ...

Den ε Hydrae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 100 Liichtjoer.

Den τ1 Hydrae erschéngt am Teleskop als Duebelstär. Tatsächlech handelt et sech ëm en „opteschen“ Duebelstär, deem seng Komponenten net duerch Gravitatioun verbonne sinn, mä nëmme visuell vun der Äerd aus gesinn an enger Richtung leien.

De 27 Hydrae ass e Méifachstäresystem, bei deem dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt kreesen.

Verännerlece Stären

Méi Informatiounen Stär, Gréisst ...

Den R Hydrae ass e pulsiounsverännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vu 500 Liichtjoer. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vun 3,5m, am Minimum fält d'Hellegkeet op 10,9m erof. D'Hellegkeet variéiert mat enger Period vu ronn 387 Deeg. Opzeechnungen hu gewisen, datt d'Period am 18. Joerhonnert mat ronn 500 Deeg méi laang war.

Den U Hydrae läit op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer. Seng Hellegkeet ännert mat enger Period vu ronn 450 Deeg. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vu 4,7m an ass mat bloussem A ze gesinn. Am Minimum fält seng Hellegkeet op 6,2m erof. Wärend sengem Minimum ass hien opfälleg rout, mä nëmme mat engem Teleskop ze gesinn.

De V Hydrae ass en déifroude Stär vum Typ Mira. Seng Hellegkeet variéiert tëscht 6,5m an 12,5m.

Messier- an NGC-Objeten

Méi Informatiounen Messier (M), NGC ...

De M 48 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vun 2.500 Liichtjoer.

De M 68 läit 30.000 Liichtjoer ewech an ass e Kugelstärekoup.

De M 83 ass eng Spiralgalaxie vum Typ Sc a läit 15 Millioune Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.

Den NGC 3242 ass e planetareschen Niwwel op enger Distanz vun 3.000 Liichtjoer. Bei héijer Vergréisserung ass hien als gréng Scheifchen am Teleskop ze gesinn. Well säi Wénkelduerchmiesser um Himmel ongeféier deem vum Planéit Jupiter entsprécht, gëtt hien och Dem Jupiter säi Geescht genannt.

Den NGC 3314 besteet aus zwou interaktive Galaxien op enger Distanz vun 140 Millioune Liichtjoer.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Hydra (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads