Remove ads
US-amerikanesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Harrison Ford, gebuer den 13. Juli 1942 zu Chicago, Illinois, ass en US-amerikanesche Schauspiller. De Ford, deen ë. a. an dräi Filmer vun der Star-Wars-Serie als Han Solo ze gesi war, gëllt als ee vun deene Schauspiller vun der Filmgeschicht, déi am meeschte kommerzielle Succès hunn. Och an der Roll vum Archeolog an Aventurier Indiana Jones, déi en zanter 1981 a bis ewell 4 Filmer gespillt huet, ass hien enorm populär. A Filmer wéi Mosquito Coast (1986) und Regarding Henry (1991) konnt hie säi Kënnen als Charakter-Schauspiller ënner Bewäis stellen.
Harrison Ford | |
---|---|
Gebuer |
13. Juli 1942 Chicago |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmproduzent, Synchronspriecher, Ëmweltaktivist, Zammermann, Pilot |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Calista Flockhart |
Geschwëster | Terence Ford |
Seng éischt gréisser Nieweroll an engem Film war am George Lucas sengem Klassiker American Graffiti. An den 1960er an 1970er Joren huet hien als Schräiner geschafft, ier en als Schauspiller am éischte Star-Wars-Film säin Duerchbroch hat.
Commons: Harrison Ford – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.