From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hammhaff ass e Bauerenhaff, deen zu der Gemeng Bäerdref gehéiert.
Hammhaff | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen | de: Hammhof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Bäerdref |
Buergermeeschter | Joé Nilles |
Koordinaten |
49° 50’ 18’’ N 06° 21’ 30’’ O |
Den Hammhaff läit 1 km nërdlech vu Bäerdref, op engem Plateau, ronderëm deen d'Sauer eng laanggezunne Schleef zitt. Den Numm Hamm dréckt dëst aus (vgl. Hamm an der Stad Lëtzebuerg). Den Hammhaff läit op enger Héicht vun 378 Meter a stéisst am Norden un de Bësch mam Numm Rammelee am Osten un de Fënnefter, am Süden un d'Scheifheck an de Seitert an am Westen un de Kalekapp.
Um Kalekapp huet de Staatsmusée ëm d'Joer 2000 archeologesch Ausgruewunge gemaach, bei deenen Iwwerreschter vun enger Siidlung aus der Steenzäit fonnt goufen.
Den Haff selwer war laang Zäit, bis déi opgeléist gouf, am Besëtz vun der Abtei Iechternach.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.