Kierperdeel From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hënner (anatomesch op Latäin: nates, clunium, gluteus, a regio glutealis) ass e Kierperdeel um ënneschten Enn vum Leif, deen nëmme beim Mënsch a beim Af prononcéiert ass.
Den Hënner gëtt op béide Säite vun engem Sëtzbeen (os ischii) als schanke Stäip gehalen. D'Sëtzbeen, en Deel vum Becken, ass déi ënnescht Ofgrenzung am Becken vum Verstopte Lach (foramen obturatum). No ënne gëtt et méi déck (tuber ischiadicum).
Den Hënner besteet aus enger baussenzeger Schicht Haut an de méi oder wéineger grousse Fettpolsteren, déi vun de groussen Hënnermuskelen (muscules gluteus maximus) lénks a riets iwwerlagert ginn. Déi zwee Muskele sinn déi gréisst Muskelen am mënschleche Kierper. Si erméiglechen et dem Mënsch ze goen an ze stoen, als Streckmuskel (Extensor) am Hëftgelenk, ausserdeem verhënnere si en Iwwerkippe vum Becken no vir. Op all Säit gëtt et donieft och nach jee ee mëttleren Hënnermuskel (muscules gluteus medius) an ee klengen Hënnermuskel (muscules gluteus minimus).
Nieft der riichter Positioun beim Goen a Stoen erméiglecht den Hënner dem Mënsch et och, eng laang Zäit ze sëtzen. D'Form an d'Gréisst vun den Hënnerbaken hänkt zum gréissten Deel vun der Quantitéit vum Fett af.
Well den Hënner no bei den Ausscheedungsorganen an de Geschlechtsorganer ass, gëtt e fir en "intime" Kierperdeel gehalen, deen eng staark erotesch Roll spillt. Op där anerer Säit gëllt en als "net propper" an e spillt an der Kierperhygiène eng ganz wichteg Roll.
An deene meeschte Kulturen erfuerdert d'Schimmt, fir den Hënner zouzedecken. Situatiounen, an deenen de plakegen Hënner gewise gëtt, stellen entweeder eng sexuell Invitatioun oder eng provokant Beleidegung duer.
Et gëtt net vill Begrëffer am Lëtzebuergeschen, déi sou eng Panoplie vu Wierder ervirbruecht hunn, wéi den Hënneschten, oder wéi en e bësse méi onsubliméiert genannt gëtt, den Aarsch.
Deckel, Digel, Duckes, Duxall, Dueder, Kadaster, Kastout, Këscht, Kiwwel, Podex, Podokes. D'Luxemburger Wörterbuch weist nach d'Nimm an der Kannersprooch: Duddeli, Kickes, Kicki, Misch, Pup, Pupes, Roff, Su, Tut, Tutes a "bisweilen" Lach.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Natesfetischismus.
Commons: Buttocks – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.