From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Krippchen (Os coccygis) ass den ënneschten Deel vun der Wierbelsail vun e puer Primaten, dorënner dem Mënsch. E setzt sech aus dräi bis véier Wierbelen zesummen, déi zesumme gewuess sinn.
De laténgeschen Numm os coccygis kënnt vum algriichesche Wuert fir de Guckuck, well déi antik Griiche fonnt hunn, d'Krippche géif wéi dem Guckuck säi Schniewel ausgesinn.[1],[2],[3]
D'Krippche gëllt als Iwwerrescht vun de Schwanzwierbele vun de Wierbeldéieren, déi sech am Laf vun der mënschlecher Entwécklung zeréckgebilt hunn.
Beim Falen oder engem Schlag op den Hënner kann d'Krippche verrenken oder briechen, wat mat vill Péng verbonnen ass.
Commons: Krippchen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.