italieeneschen Dokter an Dichter From Wikipedia, the free encyclopedia
De Girolamo Fracastoro, gebuer ëm 1478 zu Verona, a gestuerwen den 8. August 1553 zu Incaffi (no bei Verona), war en italieeneschen Dokter an Dichter, deen de Krankheetsbegrëff vun der Syphilis erfonnt huet.
De Fracastoro gouf ëm 1478 als Bouf vun enger räicher kathoulescher Patrizierfamill zu Verona an der Republik Venedeg gebuer. Hien huet an der Universitéit Padua studéiert, wou hie mat dem Astronom Nikolaus Kopernikus zesummegeschafft huet. Sou war de Fracastoro duerch an duerch e Wëssenschaftler vun der Renaissance, net nëmmen op de Gebidder vu Medezin, Literatur an Astronomie, awer och als Geolog, Geograph, Philosoph a Mathematiker.
E wichtegt Aarbechtsgebitt vum Fracastoro waren d'ustiechend Krankheeten. Hie gëtt vu munnechen Auteuren als ee vun de Weebereeder vun der moderner Mikrobiologie betruecht, well hien d'Opfaassung vertrueden huet, datt bestëmmt Krankheeten duerch spezifesch Keimen iwwerdrobar sinn.
An de Jore 1546/47 huet de Fracastoro als Dokter am Konzil von Trient geschafft. Hien ass den 8. August 1553 zu Incaffi um Gardaséi (no bei Verona, Uertsnumm haut: Affi) gestuerwen.
Commons: Girolamo Fracastoro – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.