From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi huet hir Ufäng an der Miliz, déi 1817 ënner dem Kinnek-Groussherzog Wëllem I. gegrënnt gouf.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den 8. Januar 1817 huet de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. e Gesetz iwwer d'Organisatioun vun enger Miliz verëffentlecht, déi eng 3.000 Leit gezielt huet, déi bis 1840 an Unitéite vun der hollännescher kinneklecher Arméi gedéngt hunn.
Den Déngscht war op 5 Joer ugeluecht, wouvun dat éischt Joer aktiven Déngscht war, an déi aner Joer de Wierflichtege just dräi Méint am Joer mobiliséiert gouf.
An de Joren 1830 bis 1839 gouf wéinst der belscher Revolutioun de facto kee Lëtzebuerger agezunn.
De lëtzebuergesche Bundeskontingent (Luxemburgisches Bundeskontingent, Contingent fédéral luxembourgeois) war déi Trupp, déi Lëtzebuerg als Member vum Däitsche Bond, huet missen zur Verfügung stellen. De Bundeskontingent war baussent der Festung Lëtzebuerg stationéiert, wou bis 1867 eng preisesch Garnisoun war.
Am Ufank:[1]
D'Truppestäerkt war 1977 Mann, dovun 1.319 aktiver, 220 an der éischter Reserve a 439 an der zweeter.
Mam Arrête royal grand-ducal vum 25. November 1846[1][2] goufen d'Kavallerie an d'Artillerie ofgeschaaft an de lëtzebuergeschen Deel vum Bundeskontingent gouf vum limburgesche getrennt. Den aktiven Effektiv gouf op 1.602 Mann festgeluecht, déi an zwéi Bataillounen opgedeelt waren. An der Reserve waren zwou Kompanië mat am Ganze 533 Mann, an eng Depotskompanie mat 267 Mann[3].
Wéi nom Preisesch-Éisträichesche Krich den Däitsche Bond zesummegebrach ass a Lëtzebuerg duerch den Traité vu London neutral gouf, war et als eng vun de Konsequenze mam Bundeskontingent eriwwer.
De Lëtzebuerger Jeeërkorps gouf mat engem Gesetz vum 10. September 1867 op d'Been gestallt a krut den Numm Luxemburgische Jäger. D'Truppen hunn am Ufank aus engem État-major an zwéi Batailloune bestanen[4].
Mam Gesetz vum 16. Februar 1881 gouf nieft dem Gendarmeriekorps och e Korps vun Fräiwëllegen, déi sougenannt Fräiwëllegekompanie an d'Liewe geruff[5]. Se huet souwuel de Militär- wéi och de Garnisounsdéngscht zu Lëtzebuerg geleescht. Wann et néideg war, konnt se geruff gi fir de Gendaarmen ze hëllefen. Do dernieft war se do fir Personal fir d'Gendarmerie, d'Douane oder aner Verwaltungen zur Verfügung ze stellen.
Ënnert der däitscher Okkupatioun, 1940-44, gouf déi ganz Fräiwëllegekompanie mat hire ronn 460 Memberen (inklusiv den Offizéier an de Militärmusiker) an déi däitsch Schutzpolizei integréiert an op Weimar bruecht, wou se fënnef Méint laang eng Formatioun kruten.
Méi wéi d'Hallschecht vun hinne si mat hirer neier Hierarchie a Konflikt geroden, andeems se rebelléiert hunn, Uerdere refuséiert, oder sech geweigert hunn, den Eed op den Hitler ze leeschten, wat derzou gefouert huet, datt der vill vun deene verhaft goufen an och an e Konzentratiounslager koumen. Déi aner hunn den Eed geleescht. Si goufen op verschidde Verbänn vun der däitscher Police verdeelt. 14 vun hinne koumen am Juni 1942 mam Reserve-Polizei-Bataillon 101 an den Distrikt Lublin vum besate Polen ("Generalgouvernement"). Dëst Batailloun war do méintelaang mam Zesummendreiwen an Ermuerde vun Zéngdausende vu Judden am Gaang.[6][7][8]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Reserve-Polizei-Bataillon 101.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Brigade Piron.
D'Korea-Volontairë gehéieren do dozou.
24. Juli 1945: Den 1. Batailloun vun der neier Arméi gëtt zu Walfer vereedegt.[9]
25. Juli 1945: Den 2. Batailloun gëtt zu Diddeleng vereedegt.
1. Januar 1966: Ënner dem Arméisminister Marcel Fischbach gëtt d'obligatoresch Déngschtzäit vun 9 op 6 Méint erofgesat, wat zu engem Konflikt mam "Chef d'État-major" a spéider zu enger Regierungskris gefouert huet.
30. Juni 1967: Den obligatoresche Militärdéngscht gëtt duerch d'Gesetz vum 29. Juni 1967 ofgeschaaft[10].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Arméi.
Commons: Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.