From Wikipedia, the free encyclopedia
De Freddy Quinn, gebuer de 27. September 1931 entweeder zu Wien, zu Niederfladnitz oder zu Pula, ass en éisträichesche Schlagersänger a Schauspiller, deen an Däitschland aktiv geschafft huet.
Freddy Quinn | |
---|---|
Gebuertsnumm | Franz Eugen Helmuth Manfred Nidl |
Gebuer | 27. September 1931 |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Sänger, Zirkusartist, Filmschauspiller, Gittarist, Discographesche Kënschtler, Komponist |
Mat Titele wéi Heimweh, Heimatlos, Der Legionär, Die Gitarre und das Meer, Unter fremden Sternen, La Paloma a Junge komm bald wieder hat hien tëscht 1956 an 1966 zéng Nummer-1-Hitten an de westdäitschen Charts (am Ganze stoung hien 23-mol an den däitschen Top-Ten) a war an där Zäit deen Interpret an Däitschland mat dem gréisste Succès. Hien huet iwwer 60 Millioune Placke verkaf an zielt bis haut nieft dem Udo Jürgens an dem Peter Alexander zu den erfollegräichste Schlagerstaren an Däitschland an an Éisträich. 1956 huet hien Däitschland beim Eurovision Song Contest mam Lidd "So geht das jede Nacht" vertrueden.
Seng Lidder sinn dacks melancholesch a ginn iwwer d'Mier an déi wäit Welt, iwwer Äddi-Soen, Verlaangeren an Eleng-Sinn. Komponéiert goufe se ë. a. vum Bert Kaempfert, Lotar Olias, Ernst Bader an James Last.
Hien huet, virun allem an der éischter Hallschecht vun den 1960er Joren, och an enger Rëtsch Filmer matgespillt, déi dacks op hien als Haaptpersoun ausgeriicht waren (den Haaptpersonnage huet Freddy geheescht).
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.