iresche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia
De Francis Bacon, gebuer den 28. Oktober 1909 zu Dublin a gestuerwen den 28. Abrëll 1992 zu Madrid, war en iresche Moler.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem iresche Moler Francis Bacon. Fir de Philosoph, kuckt wgl. Francis Bacon. |
Francis Bacon | |
---|---|
Gebuer |
28. Oktober 1909 Dublin |
Gestuerwen |
28. Abrëll 1992 Madrid |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Irland, Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Moler, Designer, visuelle Kënschtler |
Hien zielt zu de bedeitendste figurative Moler vum 20. Joerhonnert. Seng Biller weise meeschtens mëschlech Kierperen, déi awer duerch Wësch-Effekter verfriemt sinn, an deelweis wéi réit Fleesch ausgesinn. Dacks hunn déi gemoolte Persounen de Mond opgerappt, wéi wa se géife jäizen.
Bekannt gouf en 1944 mat sengem Triptychon Dräi Studien zu Figuren um Fouss vun enger Kräizegung. 1950 huet hie seng Serie vu Poopst-Biller ugefaangen nom Motiv vum Velazquez sengem Portrait vum Poopst Innozenz X..
Den 12. November 2013 gouf Three Studies of Lucian Freud (Triptychon) vun 1969 bei Christie's zu New York fir 142,4 Milliounen US-Dollar versteet[1] - dat bis dunn deierst jee verkaafte Bild.[2]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.