italieeneschen Astronom a Geodet From Wikipedia, the free encyclopedia
De Francesco Carlini, gebuer de 7. Januar 1783 zu Mailand, a gestuerwen den 29. August 1862 och do, war en italieeneschen Astronom a Geodet.
Francesco Carlini | |
---|---|
Gebuer |
7. Januar 1783 Mailand |
Gestuerwen | 29. August 1862 |
Nationalitéit | Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Geodet |
Member vun | Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino |
De Carlini gouf 1832 Direkter vum Brera-Observatoire zu Mailand. Hie gouf an engem grousse Fachkrees duerch seng Sonnentafele bekannt, déi hien ënner dem Titel Nuove tavole de moti apparenti del sole 1832 erausginn hat. Schonn 1810 hat hien Esposizione di un nuovo metodo di construire le taole astronomiche applicato alle tavole del sole publizéiert.
Zesumme mam Giovanni Antonio Amedeo Plana (1781–1864) hat hie bei der éisträichesch-italieenescher Gradmiessung matgeschafft. Bei dëser Geleeënheet hat hien och d'spezifescht Gewiicht vun der Äerd bestëmmt. Hien hat dofir regional Schwankunge vum Schwéierfeld südlech vun den Alpe benotzt.
De Moundkrater Carlini ass no him genannt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.