De Fréd (Frédéric) Ternes, gebuer de 7. Abrëll 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Politiker a Staatsbeamten, dee bis 2023 um IFEN geschafft huet.
Fréd Ternes | |
---|---|
Gebuer |
7. Abrëll 1987 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Athénée de Luxembourg, ICHEC Brussels Management School |
Aktivitéit | Beamten, Politiker |
No senger Première am Kolléisch huet hien zu Bréissel studéiert, wou hien 2006 säi Masterofschloss an der Gestion d'entreprise um ICHEC gemaach huet.
Vun 2011 bis 2023 war hien zweete Schäffen an der Gemeng Nidderaanwen an zanter dem 5. Juli 2023 ass hien do Buergermeeschter[1].
Vun 2014 bis 2016 war hie Generalsekretär vun der CSJ. 2013 an 2018 war hie Kandidat am Bezierk Zentrum bei de Chamberwalen op der Lëscht vun der CSV. Hie war zanter 2017 Vizepresident vum interkommunale Syndikat Syrdall Schwemm an ass zanter 2023 President.
Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.
Publikatiounen
- E klengt Buch iwwer Gemengepolitik, 2021, Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg, 112 S. ISBN 978-99959-0-680-1
Kuckt och
Referenzen
- Fréd Ternes: „Es wurde mir nicht immer einfach gemacht“. wort.lu [€], (28.06.2023). Gekuckt de(n) 9.12.2023.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.