From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fomalhaut (α Piscis Austrini) ass den hellste Stär am Stärebild Piscis Austrinus an den 18. an der Lëscht vun den hellste Stären um Himmel. Den Numm bedeit „Schnëss vum Wal“ (arab. (ar) fam al-ḥūt). Aner Nimm sinn: Difda al Auwel, Hastorang an Os Piscis Meridiani.
Formalhaut α Piscis Austrini | |
Stärebild: | Piscis Austrinus (PsA) |
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 22h 57m 39.046s |
Deklinatioun | - 29° 37' 20.05" |
visuell Magnitude | + 1,17 mag |
Spektralklass: | A3 V |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (+6,5 ± 0,5) km/s |
Parallax | (129,81 ± 0,47) mas |
Distanz | (25,13 ± 0,09) Lj |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 2,59 |
Liichtkraaft: | 17,3 |
Uewerflächentemperatur | 8500 K |
Rotatioun = 0,6 Deeg | |
Alter = zirka 200 Mio. | |
Aner Bezeechnungen | |
Bayer-Bezeechnung | α Piscis Austrini |
FK5 | 867 |
Bright Star Catalogue | HR 8728 |
CD | −30° 19370 |
Flamsteed | 24 Piscis Austrini |
Henry-Draper-Katalog | HD 216956 |
Hipparcos-Katalog | HIP 113368 |
SAO-Katalog | SAO 191524 |
Tycho-Katalog | TYC 6977/1267/1 |
Fomalhaut ass 25 Liichtjoer vun eis ewech. Hien ass wéi déi eppes méi waarm Vega en Haaptreiestär vun der Spektralklass A. Seng Uewerflächentemperatur läit bei 8500 K. Et gëtt ugeholl, datt d'Fomalhaut ongeféier 100 bis 300 Millioune Joer al ass. Seng Liewenszäit gëtt op ronn eng Milliard Joer geschat.
Fomalhaut ass e Member vum Castor-Beweegungskoup, zu deem ënner anerem och d'Vega gezielt gëtt. Den nächste Member vun dësem Beweegungskoup ass den TW Piscis Austrini (e verännerleche Stär vum Typ BY Draconis), läit nëmmen zirka 0,85 Liichtjoer vum Fomalhaut ewech an huet eng änlech Eegebeweegung.
Déi béid Stäre schénge schwaach gravitativ gebonnen ze sinn a forme warscheinlech awer keen Duebelstäresystem. Et gëtt ugeholl, datt änlech Beweegungskéip e kollektive Urspronk als Stärekoup vu klenger Dicht haten.
Haaptartikel zu dësem Theema: Fomalhaut b
Fomalhaut gëtt vun enger Stëbscheif ëmkreest, déi en Duerchmiesser vun ongeféier 40 Milliarde Kilometer huet. De Gravitatiounszentrum fält net mat dem Stär zesummen, mä ass ongeféier 15 Astronomesch Eenheeten (AE) vum Fomalhaut ewech. Et gëtt dofir e Planéit op enger Distanz vun zirka 7,4 bis 10,5 Milliarde Kilometer ëm de Stär ugeholl.[1]
D'Stëbsscheif weist eng Rankstruktur, vun där ugeholl gouf, datt si duerch d'Schwéierkraftwierkung vun engem Planéit verursaacht gëtt. D'infrarout Ofstralung vun der Scheif konnt schonn an den 1980er Joren duerch den Infrared Astronomical Satellite (IRAS) vun der NASA observéiert ginn. D'Stëbscheif ass banne bei enger Distanz vun ongeféier 133 AE vum Haaptstär schaarf ofgegrenzt an huet selwer eng Breet vu ronn 25 AE.
Den Exoplanéit emkreest den Zentralstär an engem mëttleren Ofstand vun ongeféier 115 AE banne vum vum bannenzege Stëbsrankbord vun der Exzentrizitéit vun der Ëmlafbunn vun 0,11 schwankt den Ofstand tëscht 102 an 128 AE a läit am Moment bei ongeféier 119 AE.
De Moossstaf am Bild lénks ënnen huet eng Längt vun 100 AE resp 13". Zum Vergläich: Déi däitlech begrenzte Bouscheif vu Fomalhaut am Bild ganz uewen huet en Duerchmesser vun 130".
Commons: Fomalhaut – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.