De Filipp Bedrossowitsch Kirkorow, oder Filipp Bedros Kirkorow (op Russesch: Филипп Бедросович Киркоров, op Bulgaresch: Филип Бедросов Киркоров – Filip Bedrossow Kirkorow), gebuer den 30. Abrëll 1967 zu Warna a Bulgarien, ass e russesch-bulgaresche Popsänger, Schauspiller[1] a Museksproduzent[2] vun armeenesch-jiddescher Ofstamung. Hien ass de Fils vum bulgaresch-russesche Sänger Bedros Kirkorow[3].
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Filipp Bedrossowitsch Kirkorow | |
---|---|
Gebuer |
30. Abrëll 1967 Warna |
Nationalitéit | Russland |
Aktivitéit | Schauspiller, Museksproduzent, Liddermécher, Sänger, Komponist, Produzent, Animateur, Televisiounsmoderateur |
Famill | |
Bestuet mat | Alla Pugatschowa |
1995 huet hie Russland mam Lidd "Kolybelnaja dlja wulkana" (Колыбельная для вулкана, "D'Schloflidd fir de Vulkan") beim Eurovision Song Contest zu Dublin vertrueden[4]. De Kirkorow koum op déi 17. Plaz mat 17 Punkten[5].
Hien ass ganz beléift a Russland a gëllt als "de Kinnek vun der russescher Musekszeen"[6]. Vun 1994 bis 2005 war hie mam russesche Popmusek-Superstar Alla Pugatschowa bestuet[7]. An Europa, gouf de Kirkorow och als de Komponist a Produzent vu verschiddene postsowjeteschen Eurovision-Participante bekannt[8].
Albumen
- 1990: Филипп
- 1990: Синдбад-мореход
- 1991: Ты, ты, ты
- 1991: Небо и земля
- 1992: Такой-сякой
- 1994: Я не Рафаэль
- 1995: Примадонна
- 1995: Скажи Солнцу: „Да!“
- 1998: С любовью к Единственной
- 1998: Ой, мама, шика дам!
- 2000: ЧелоФилия
- 2001: Magico Amor
- 2001: Влюблённый и безумно одинокий
- 2003: Незнакомка
- 2004: Дуэты
- 2007: For You
- 2011: ДруGOY
- 2016: Я
- 2020: Романы
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Filipp Kirkorow – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit (ru)
Referenzen
- Archive copy Archivéiert de(n) 2009-03-05. Gekuckt de(n) 2009-03-05.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.