italieenesche Sänger From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ezio Pinza, gebuer den 18. Mee 1892 zu Roum, a gestuerwen den 9. Mee 1957 zu Stamford an den USA, war en italieenesche Basssänger.
De Pinza sollt eng Carrière als Velosportler machen. Mä hien huet sech et anescht iwwerluecht an ass op Bologna an de Conservatoire bei den Alessandro Vezzani gaangen, fir seng Stëmm ausbilden ze loossen. Säin éischten Optrëtt op der Bün war 1914 zu Soncino als Oroveso an der Oper Norma. Nom Éischte Weltkrich koum hien 1922 zu Roum an dem Teatro alla Scale grouss eraus, wou hien enner dem Arturo Toscanini de Ramphis an der Aida, de Raimondo an der Lucia di Lammermoor gesongen huet. Vun 1926 bis 1949 séngt hien am Metropolitan Opera House zu New York. Do séngt hien all grouss italieenesch Bassrollen an de Boris Godunov.
1949 sicht hien no eppes Neies. He geet op de Broadway fir Musicalen ze sangen.
An de spéidere Jore war de Pinza, dee säi Liewe laang kärgesond war, mam Häerz geplot.
Bei sengem Begriefnes huet d'Eleanor Steber den Ave Maria aus dem Giuseppe Verdi sengem Otello gesongen.
Den Ezio Pinza hat ni geléiert Noute vum Blat ze liesen, an a senger Autobiographie erzielt hien, wéi de Rogers him e puer Melodien aus dem South Pacific um Piano virgespillt huet. Mä hie war deen, deen d'Missa Solemnis ënner dem Toscanini gesongen huet, Mozart ënner dem Bruno Walter an déi gréisst Richard Wagner Rollen an der Scala.
Dem Pinza seng Autobiographie koum 1977 zu New York eraus. Ezio Pinza. An Autobiography
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.