Remove ads
lëtzebuergesche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ernest Werling, gebuer de 15. Mee 1851 zu Lëtzebuerg, gestuerwen den 22. Abrëll 1916 zu Köln, war e lëtzebuergesche Banquier a Moler.
Ernest Werling | |
---|---|
Gebuer |
15. Mee 1851 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
22. Abrëll 1916 Köln |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Banquier |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Den Ernest Werling war e Jong vum Peter Joseph Heinrich Werling an der Gertrud Hartmann.[1] Säi Papp war en däitsche Banquier, dee sech zu Lëtzebuerg etabléiert hat. No deem sengem Doud, 1863, huet e Schwoer d'Direktioun vun der Bank iwwerholl, bis den Ernest volljäreg war. 1873 gouf de Werling duerch Naturalisatioun Lëtzebuerger. 1881 huet hie mam August Lambert d'Banque Werling, Lambert et Cie gegrënnt.[2]
De Werling war en Autodidakt als Kënschtler, hie war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg. Hien huet virun allem Aquarelle gemoolt, gouf awer méi bekannt duerch seng Fiederzeechnungen, ë. a. vun historesche Rekonstruktioune vun ënner anerem der Stad Lëtzebuerg, der Buerg Veianen an dem Fort Thüngen.[3]
Wierker vun him ginn haut am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht versuergt.[4]
Den Ernest Werling war a medezinescher Behandlung zu Köln, wou en 1916 am Alter vu 64 Joer gestuerwen ass.[2]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.