Emmanuelle Parèze

franséisch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia

D'Emmanuelle Parèze, och Emmanuelle Parèze-Belda ass eng fréier franséisch Schauspillerin, déi mat Rollen am Theater[1][2] an a Pornofilmer bekannt gouf[3][4].

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Emmanuelle Parèze
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Pornoactrice, Theaterschauspillerin
Zoumaachen

An der Mëtt vun den 1960er Joren ass d'Emmanuelle Parèze fir d'éischt op der Theaterbün opgetrueden[1]. Si ass ënner anerem an TV-Versioune vun Theaterstécker, wéi a La prétentaine (1966, als Emmanuelle Parez) aus enger Serie vun der beléifter Emissioun Au théâtre ce soir opgetrueden[5].

1975 huet d'Parèze d'Carrière als Pornoactrice ugefaangen an huet ënner den Aliassen Danièle Delaude, Danielle Delande, Daniele Deslandes, Inger Hanns, oder ënner dem reellen Numm gefilmt. Si war a ronn 20 Produktiounen, wéi z. B. a Les weekends d'un couple pervers[6], a L'essayeuse an der Haaptroll[7], oder am provokante Shocking ! (1976)[8] opgetrueden. 1983 huet si d'Aktivitéit an der "Industrie" opginn[4].

Vun 1978 un, koum si no an no op Bün zeréck[2]. Hir lescht bekannt Theaterroll war am Stéck Les fils du soleil (1985)[1]. Hiert spéidert Liewen ass onbekannt.

Referenzen

  1. Archive copy Archivéiert de(n) 30.07.2012. Gekuckt de(n) 30.07.2012.
  2. Francis Moury, Dictionnaire des films français pornographiques et érotiques 16 et 35 mm - Serious Publishing, 2011
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.