From Wikipedia, the free encyclopedia
En Dreifstoff oder Kraaftstoff ass e Brennstoff, deem seng cheemesch Energie duerch Verbrennung, an thermesche Motore wéi Verbrennungsmotoren, Gasturbinnen, oder a Rakéitendreifwierker a mechanesch Energie ëmgewandelt gëtt.
Dreifstoffer ginn haaptsächlech fir den Undriff vu Fortbeweegungsmëttelen (Auto, Fliger, Schëff, Rakéit) gebraucht. Well si ëmmer musse matgefouert ginn, gi meeschtens Stoffer mat enger héijer Energiedicht agesat. Awer och stationär Verbrennungsmotore ginn dermat bedriwwen.
Bei der Verbrennung gëtt als Oxidater meeschtens Loft-Sauerstoff gebraucht, deels, virun allem bei Rakéiten, awer och en eegenen Oxidater wéi verflëssegte Sauerstoff, Laachgas oder Salpéitersaier.
D'Ofgrenzung vum Begrëff Kraaftstoff zum Begrëff Dreifstoff ass net duerchgängeg eenheetlech gereegelt:
Net als Kraaftstoff bezeechent ginn normalerweis Stoffer, déi zwar als Energiedréier fir en Undriff déngen, bei deenen awer keng cheemesch Energie fräigesat gëtt, z. B. Waasser fir eng Waasserturbin oder Uran fir de Kärreakter vun engem Nuklearundriff.
D'Reechwäit vun engem Gefier gëtt nieft dem Wierkungsgrad vu sengen Aggregaten ë. a. de Volume vum Tank an déi dodra gespäichert Energie bestëmmt. De physikalesche Verglach vun den Hëtzwäerter (kWh pro m³) weist, datt flësseg Dreifstoffer optimal sinn. Bei Gasen hänkt den Energiegehalt staark vum Drock of.
Numm | Aggregatzoustand | Dicht an kg/m³ | Heizwäert a kWh/kg | Heizwäert pro Volumeneenheeten |
---|---|---|---|---|
Waasserstoff | gasfërmeg (Normaldrock) | 0,09 | 37,0 | 3,3 kWh/m³ |
Waasserstoff | gasfërmeg (20 MPa) | 37,0 | 530 kWh/m³ | |
Waasserstoff | flësseg (-253 °C) | 67,8 | 37,0 | 2360 kWh/m³ |
Äerdgas H-Gas (CNG/GNV) | gasfërmeg (Normaldrock) | 0,81 | 13,0 | 10,5 kWh/m³ |
Äerdgas L-Gas (CNG/GNV) | gasfërmeg (Normaldrock) | 0,82 | 11,3 | 9,3 kWh/m³ |
Äerdgas | gasfërmeg (20 MPa) | 12,0 | 2580 kWh/m³ | |
Autogas („Flësseggas”) | flësseg | 540 | 12,8 | 6966 kWh/m³ |
Superbensin | flësseg | 740 | 12,0 | 8760 kWh/m³ |
Methanol | flësseg | 787 | 6,11 | 4800 kWh/m³ |
Ethanol | flësseg | 789 | 7,44 | 5900 kWh/m³ |
Bensinn-Benzol-Gemësch | flësseg | 796 | 11,6 | 9300 kWh/m³ |
Diesel | flësseg | 833 | 11,8 | 9800 kWh/m³ |
Benzol | flësseg | 880 | 11,1 | 9760 kWh/m³ |
Planzenueleg | flësseg | 920 | 10,0 | [1] | 9200 kWh/m³
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.