Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Donatuskapell op der Wuermer Këppchen ass eng kleng Kapell, déi tëscht 1925 an 1927 zu Wuermer op der Këppchen an de Wéngerten zu Éiere vum hellegen Donatus gebaut gouf[1].
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Wuermer Këppchen | |||
Baujoer | 1925-1927 | |||
Koordinaten | 49° 36’ 52.0’’ N 06° 24’ 21.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Se steet op enger Héicht vun 241 m (NG-L), zirka 100 m méi héich wéi den Niveau vun der Musel, an ass vu wäit hier ze gesinn. Vun do huet een e wonnerbaren Iwwerbléck iwwer de Museldall an d'Uertschafte Wuermer, de Wuermer Bierg an op Wëncher op der däitscher Säit vun der Musel. Se ass am Laf vun der Zäit de Symbol vun der Uertschaft ginn.
Schonn am Februar 1924 huet de Paschtouer Henri Werner de Bëschof informéiert datt e wollt eng Donatuskapell op der Këppche baue loossen. Den néidegen Terrain huet hien de 5. Oktober 1925 op säin Numm kaaft a méi spéit der Kierchefabréck geschenkt. D'Kapell gouf du mat Hëllef vu villen Duerfbewunner gebaut. De Bau war nach net ganz fäerdeg, wéi de 17. Juli 1927 déi éischt Pressessioun bei d'Kapell goung, nodeems se de 7. Juli 1927 vum Bëschof Nommesch erlaabt gi war.
Am Fong vun der Kapell ass e Relief vum hellegen Donatus, e Wierk vum fréieren Distriktskommissär Ernest Würth, engem gebiertege Wuermer. Ënnen um Relief steet op Latäin sënngeméiss: Beschütz deng Veréierer, o erhabene Märtyrer! Hal d'Blëtzer of, beroueg d'Stierm! Schenk eis e schéinen Himmel, maach d'Äerd fruchtbar a looss d'Wéngerte räich droen, o Patréiner!
Am Zweete Weltkrich huet d'Kapell, verglach mat aneren Deeler vun der Uertschaft, relativ wéineg Schued gelidden. Eng kontrolléiert Expertise hat 1953 e Schued vu 4.879 Frang unerkannt.
Nodeems jorelaang driwwer diskutéiert gouf, war am September 1965 d'Decisioun geholl ginn, an der Donatuskapell e Monument fir d'Wuermer Affer vum Zweete Weltkrich opzeriichten. D'Kierchefabréck war domat averstanen an och d'Gemeng wollt finanziell mathëllefen. No laangen Diskussiounen huet d'Gemeng sech bereet erkläert, déi ganz Käschte fir d'Monument an d'Renovatioun vun der Kapell an der Ëmgéigend ze iwwerhuelen, dofir huet d'Kierchefabréck der Gemeng d'Eegentumsrecht fir d'Kapell ofgetrueden an och zousätzlech déi 15.000 Frang fir d'Renovatioun, déi se schonn am Laf vun de Jore gespuert hat.
Den 30. Oktober 1966 gouf a Presenz vum Staatsminister Pierre Werner, dem Groussneveu vum Erbauer, an der restauréierter Kapell vum Deche Spautz d'Monument fir d'Affer vum Zweete Weltkrich ageseent[2].
D'Monument, dat vum Réimecher Kënschtler Josy Jungblut entworf an ausgefouert gouf, besteet aus enger aus Holz geschnëtzter Christusfigur op engem 1,50 m grousse Kräiz aus Schifer vun Uewermaartel, dat op der lénkser Säitewand bannen an der Kapell ubruecht ass, mat der Schrëft A Nos Martyrs 1940-1945 driwwer an drënner[3].
De Wee laanscht d'Kapell, deen 1973 ageweit gouf, heescht Sentier des Réfractaires. Iwwer dee Wee goufen am Zweete Weltkrich dräi Refractairen, de Léo Fischer, den André Schumacher an de Roger Thill mat deem Noutwennegste versuergt.
Commons: Donatuskapell op der Wuermer Këppchen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.