Lëtzebuerger Distrikter

fréier Verwaltungsdivisiounen zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Lëtzebuerger Distrikter

D'Distrikter waren zu Lëtzebuerg bis den 3. Oktober 2015 eng administrativ Ënnerdeelung vum Land. Si goufen 1843 geschaaft[1], fir - iwwer d'Distriktskommissariat - als Schnëttstell tëscht de Gemengen an dem Inneministère ze déngen. 2015 goufe s'ofgeschaaft an d'Personal vum Inneministère iwwerholl.[2]. D'Koordinatioun mat de Gemenge geschitt ewell direkt iwwer e Service am Inneministère[3].

Thumb
Déi fréier Lëtzebuerger Distrikter

Et gouf hirer dräi, déi sech sou zesummegesat hunn:

  1. Distrikt Dikrech
  2. Distrikt Gréiwemaacher
  3. Distrikt Lëtzebuerg

Vun 1857 bis 1867 gouf et zousätzlech en Distrikt Miersch, mat de Kantone Miersch a Réiden[4],[5].

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Lëtzebuerger Distrikter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (fr)Loi du 24 février 1843 sur l'organisation communale et des districts. legilux.lu (03.04.1843). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  2. (fr)Loi du 2 septembre 2015 portant abolition des districts (...). legilux.lu (09.09.2015). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  3. Dani Schumacher: "Abschied von einem Anachronismus: Abgeordnete beschließen einstimmig die Abschaffung der Distrikte." Luxemburger Wort, 08.07.2015, S.2.
  4. (fr)Loi du 4 mai 1867 portant suppression du commissariat de district de Mersch. legilux.lu (15.06.1867). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.