Departement Alpes-de-Haute-Provence

franséischt Departement From Wikipedia, the free encyclopedia

Departement Alpes-de-Haute-Provence
Remove ads

D'Alpes-de-Haute-Provence (04), bis 1970 Basses-Alpes sinn e franséischt Departement an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur.

Méi Informatiounen Alpes-de-Haute-Provence (04) ...
Remove ads

Geographie

D'Departement erstreckt sech am Norden an Nordosten iwwer den Dall vun der Ubaye. Fir de Rescht gëtt seng Topographie haaptsächlech vun der Durance en hiren Nieweflëss modelléiert. Am Weste leien d'Biergrécker vun der Montagne de Lure a vum Luberon, am Oste sinn d'Viralpe vun Digne an de Plateau vu Valensole. D'ekonomesch Ressourcë sinn d'Lavandelkultur, d'Schoofszuucht an Uebst- a Geméiskulturen am Dall vun der Durance. An der Géigend ëm Forcalquier a Manosque gouf et bis an d'60er e puer Grouwe wou Brongkuelen erausgeholl goufen an zu Saint-Auban ass zanter 1916 eng cheemesch Industrie installéiert.

De Barrage vu Serre-Ponçon um Laf vun der Durance am Norden op der Departementsgrenz an dräi Staudämm um Verdon am Süden, de Barrage vu Sainte-Croix, de Barrage vu Castillon an de Barrage vu Chaudanne si grouss Stroumliwweranten.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Alpes-de-Haute-Provence – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads