D'Symmetrie vum Päiperlek
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Symmetrie vum Päiperlek ass e lëtzebuergesche Spillfilm vun AFO Film (Paul Scheuer a Maisy Hausemer), deen am August/September 2011 gedréit gouf. En hat den 8. Mäerz 2012 Première um Festival Discovery Zone a koum den 13. Abrëll 2012 an d'Kinoen.
Remove ads
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
De Schrëftsteller Roger, deen no engem Accident an engem Seniorenheem versuergt gëtt, inspiréiert sech un de Leit ronderëm hien, fir eng nei Geschicht ze schreiwen: De syldawesche Schachweltmeeschter Gregori Sczyrkutah gëtt vun der jonker lëtzebuergescher Spillerin Sophie Latour geschloen, an zitt sech verbattert zeréck. Den Informatiker Max von Allmen, deen e Spëtzeprogramm fir Schach entwéckelt huet, proposéiert dem Gregori, mat sengem Quantecomputer seng Revanche géint d'Sophie ze huelen. Wärend de Max mat der Hëllef vum Gregori seng Software sou programméiert, datt se d'Sophie besser schachmatt setze kann, verléift hie sech an hatt...[1]
Remove ads
Soss
D'Figur vum Roger ass en Hommage un de verstuerwene Schrëftsteller Roger Manderscheid.
2012 kruten de Paul Scheuer an d'Maisy Hausemer (Dréibuch) de Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun, ex aequo mam André Dziezuk (Musek).
1.900 Leit waren de Film 2012 an de Kino kucken.[2]
Literatur
- Ian De Toffoli: "'Le joueur d'échecs' à la luxembourgeoise.". In: Tageblatt, 23.09.2011, Nr. 222, S.22.
- Thierry Hick: "Tournage du film 'D'Symmetrie vum Päiperlek'." wort.lu, 22.09.2011 19:10.
Kuckt och
Referenzen
- D'Symmetrie vum Päiperlek bei Iris Group.
- Pressecommuniqué vun der F.L.E.C, 10.01.2013.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads