From Wikipedia, the free encyclopedia
De Critérium international de cross cyclo-pédestre[1] (C.I.) war eng populär Kompetitioun am Cyclo-cross (Vëlosport), déi um héchste Niveau all Joer mat e puer Ënnerbriechunge vun 1924 bis 1949 (20 Editiounen) ausgedroe gouf, an als offiziéis Weltmeeschterschaft betruecht gouf.
| |||
Detailer | |||
Etappen | 2 | ||
Länner | Frankräich Lëtzebuerg | ||
Dokumentatioun |
An den 1920er Jore gouf a Frankräich festgestallt datt et wuel schonn a ville Länner Nationalchampionnater am Cyclo-Cross gouf, mee awer nach keng international Epreuve wou déi Bescht an där Disziplin sech miesse kéinten. An dësem Sënn gouf déi éischt Editioun vum “Critérium International de cross cyclo-pédestre” 1924 vun der Zeitung L'Auto[1] et der Union vélocipédique de France an d'Liewe geruff. De Start vun der Course war zu Suresnes, engem Paräisser Faubourg. Vun do aus goung et dann iwwer de Mont Valérien an e Bësch am Weste vu Paräis. Déi bekanntst Schwieregkeet vum C.I., déi besonnesch vill Spectateuren ugezunn huet, war den Trou du diable. Op där Plaz ass et fir d'éischt schëtzeg biergof gaangen an direkt hannendrun grad esou géi biergop. Dat war sou schwéier a geféierlech, datt d'Coureuren an den Ufanksjore mol net um Vëlo erof gefuer sinn. Am Géigesaz zu modernen Cyclo-Cross-Courssen, déi op engem zouenen Circuit gefuer ginn, war d'Arrivée vum C.I. no der Course iwwer eng Distanz vun deemools 20,2 km net op derselwechter Plaz wéi de Start.
Lëtzebuerg hat vun Ufank u Coureure beim C.I. um Start. Schonn am Joer 1926 war et dem Jean-Pierre Engel, deemools nationale Champion am Cyclo-Cross, gelongen zu Paräis als Zweeten op de Podium vum C.I. ze klammen.
D'Editioun 1935 ass aus Lëtzebuerger Siicht besonnesch ervirzehiewen: mat de Bridder Arsène a Josy Mersch, souwéi de Bridder Pir a Mett Clemens hat Lëtzebuerg dat Joer souwuel zwéi Coureuren um Podium (1. Josy Mersch, 3. Arsène Mersch), wéi och d'Lännerklassement no Punkte gewonnen.[2]
Et ass och bemierkenswäert, datt déi alleréischt Editioun vum C.I. nom Zweete Weltkrich am Joer 1947 an der Millebaach op engem Circuit am Bambësch organiséiert gouf.[3]
Déi zwou lescht Editioune vum C.I. (1948 an 1949) waren dunn erëm zu Paräis, déi Kéier op engem Circuit am Bois de Vincennes. Dës Epreuve ass schlussendlech am Joer 1950 vun der éischter offizieller Cyclo-Cross-Weltmeeschterschaft vun der U.C.I. ersat ginn, déi um selwechte Circuit wéi d'Editioun vun 1949 ausgedroe gouf.
Joer | Datum | Plaz | Gewënner | Zweeten | Drëtten | Ekippeklassement |
---|---|---|---|---|---|---|
1924 | 17. Februar | Suresnes | Gaston Degy | Henri Moerenhout | Théophile Van Eetvelde | Belsch |
1925 | 8. Februar | Suresnes | Henri Moerenhout | Joseph Van Dam | oder [4] Charles Martinet | Belsch |
1926 | 7. Februar | Suresnes | Francis Pélissier | Jean-Pierre Engel | Eugène Christophe | Frankräich |
1927 | Net organiséiert | |||||
1928 | 5. Februar | Suresnes | Camille Foucaux | Georges Ronsse | Paul Le Drogo | Frankräich |
1929 | 3. Februar | Suresnes | Camille Foucaux | Charles Pélissier | Auguste Segaud | France |
1930 | 2. Februar | Suresnes | Hilaire Berthellin | Georges Ronsse | Camille Foucaux | Frankräich |
1931 | 8. Februar | Suresnes | Henri Deconinck | Camille Foucaux | Georges Ronsse | Frankräich |
1932 | 7. Februar | Suresnes | Aubert Winsingues | Hilaire Bertellin | Henri Deconinck | Frankräich |
1933 | 5. Februar | Suresnes | Sylvère Maes | Karl Bosshard | Walter Blattmann | Schwäiz |
1934 | 4. Februar | Suresnes | Maurice Seynaeve | Sylvère Maes | Kamiel Vermassen | Belsch |
1935 | 3. Februar | Suresnes | Josy Mersch | Charles Vaast | Arsène Mersch | Lëtzebuerg |
1936 | 9. Februar | Suresnes | Maurice Seynaeve | Robert Oubron | Charles Vaast | |
1937 | 7. Februar | Suresnes | Robert Oubron | Kamiel Vermassen | Dante Franzil | |
1938 | 6. Februar | Suresnes | Robert Oubron | Fritz Hartmann | Jules Kneepkens | |
1939 | 5. Februar | Suresnes | Charles Vaast | Jules Kneepkens | Kamiel Vermassen | Belsch |
1940 | Net organiséiert | |||||
1941 | 2 Mäerz | Suresnes | Robert Oubron | André Brulé | Kléber Piot | |
1942 | Suresnes | Robert Oubron | Kléber Piot | Georges Pieuzat | ||
1943-1946 | Net organiséiert | |||||
1947 | 9. Februar | Millebaach | Jean Robic | Roger Rondeaux | Mario Covolo | |
1948 | 8. Februar | Vincennes | Roger Rondeaux | Robert Oubron | Max Breu | Frankräich |
1949 | 3. Mäerz | Vincennes | Roger Rondeaux | Jean Robic | Frans Decoster | Frankräich |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.