Comicline
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Comicline ass eng lëtzebuergesch ASBL déi de 7. Januar 1999 ënner dem Numm Cercle Comics gegrënnt gouf, fir och de Lëtzebuerger eng Ulafstell vun der 9. Konscht ze ginn. D'Grënner waren de Ronald Mordiconi, d'Dina Magalhaes an de Georges Lellinger.
De Veräin hat sech net nëmmen op Comics spezialiséiert, mä och ausféierlech mat de Mangas beschäftegt, de franséisch-belsche BDen, souwéi den Animes an den Zeechentrickfilmer.
Auteuren, Kënschtler oder Zeechner aus all Altersgrupp haten an dem Veräi matgemaach, z. B.: Roger Leiner, Lucien Czuga, Fern Weirich, Andy Genen, Claude Christ, Marina Herber, Nathalie Tull, souwéi d'Cartooniste Florin Balaban a Carlo Schneider.
De Veräin hat versicht all Joer e Comicmagazin erauszebréngen an hat (onreegelméisseg) en eegene Comicfestival (Comicline = 2002-2005) organiséiert.
De "Cercle Comics" gouf am Januar 2006 a "Comicline" ëmgedeeft.
Enn Januar 2007 huet Comicline seng Diere provisoresch zougemaach. D'Websäit Comicportal.lu gouf méi spéit och vum Netz geholl.
Am Juli 2007 goufen d'Aktivitéite vum Veräi vun engem neie Kommitee, deen nëmmen aus Jugendlecher bestanen huet, nees opgegraff.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads