Chris Evert

US-amerikanesch Tennisspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Chris Evert
Remove ads

D'Chris (Christiane Marie) Evert, gebuer den 21. Dezember 1954 zu Fort Lauderdale (Florida), ass eng US-amerikanesch Tennisspillerin mat Lëtzebuerger Originnen.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

Si ass déi éischt Tennisspillerin déi méi wéi 1000 Matcher an hirer professioneller Carrière (1972-1989) gewonnen huet a gëtt zu den erfollegräichste Spillerinnen an der Tennisgeschicht gerechent. Haut beschäftegt si sech aktiv mat caritative Wierker, besonnesch am Hibléck op d'Bekämpfung vum Drogemëssbrauch, Wierker fir déi si bis haut (21/11/2007) $15.4 Millioune gesammelt huet.

Der Chris Evert hir Virfuere sinn 1857 vu Biekerech an Amerika emigréiert.

Remove ads

Unerkennungen

  • Véiermol vun der Associated Press zur Sportlerin vum Joer gewielt
  • Ausgezeechent mat dem "Sportswomen of the Year Award" duerch Sports Illustrated (1976)
  • Opgeholl an déi "International Tennis Hall of Fame" (1995)
  • Vum Tennis Magazine op déi véiert Plaz vun de Gréissten Tennisspiller klasséiert (2005)

Um Spaweck

 Commons: Chris Evert – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads