lëtzebuergeschen Historiker a Riichter From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charles Jean-Pierre Schaack, gebuer den 20. Mäerz 1867 an der Stad Lëtzebuerg,[1] gestuerwen den 28. Juli 1925[2] zu Dikrech, war e lëtzebuergesche Jurist an Historiker.
Charles Schaack | |
---|---|
Gebuer |
20. Mäerz 1867 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
28. Juli 1925 Dikrech |
Aktivitéit | Riichter, Historiker |
Famill | |
Papp | Hyacinthe Schaack |
Geschwëster | Edouard Schaack |
Kanner | Joseph Schaack (1902) |
De Charles Schaack huet op der Universitéit vu Gent Droit studéiert. 1893 huet hien den Ofschlossexamen als Docteur en droit gemaach an als Stagiär an der Etüd Joseph Neumann[3] an der Stad seng Carrière als Affekot ugefaangen. Am Mäerz 1899 ass de Charles Schaack, "avocat-avoué à Luxembourg", zweeten Ergänzungsriichter beim Friddensgeriicht vum Kanton Lëtzebuerg genannt ginn.[4] Den 13. Dezember 1900 ass hien zum éischten Ergänzungsriichter beim Bezierksgeriicht Lëtzebuerg avancéiert.[5]
De 26. Juni 1901 gouf hie Bürochef an der Regierung, an der Divisioun vun der Justiz,[6] an den 30. Juni 1901 ass hie provisoresch zum secrétaire adjoint vum Staatsrot ernannt ginn.[7]
De 27. Mäerz 1903 gouf de Charles Schaack Riichter beim Bezierksgeriicht vun Dikrech genannt.[8] De 14. Mee 1915 gouf hie Conseiller à la Cour supérieure de justice[9] an den 23. Juni 1916 Procureur zu Dikrech.[10]
Vun 1920/21 un huet hien am Dikrecher Kolléisch Droitscoursë ginn.[11]
Als déifgleewege Mënsch war de Charles Schaack an der Dikrecher Kierchefabréck aktiv an hie war och President[2] dovun. Wärend dem Éischte Weltkrich huet hien zesumme mam Paschtouer Wilhelm Hülsemann vun 1914 bis 1918 am Ganzen 22 Expeditioune fir d'Rout Kräiz an d'Belsch an a Frankräich ënnerholl, fir do de blesséierten Zaldoten an der Zivilpopulatioun ze hëllefen.[12] Déi zwéin hu sech donieft nach speziell ëm belsch Weesekanner gekëmmert, an dat net nëmme wärend dem Krich[13], mä och nach duerno. Zousätzlech hu si nom Krich en Hëllefswierk fir Éisträich gegrënnt.[10]
De Charles Schaack huet sech 1898 mat der Christine Jacopssen de Dankaertseeke, déi aus enger Adelsfamill vu Gent gestaamt huet, bestuet.[3] Si kruten zéng Kanner, siwe Jongen an dräi Meedercher. Eent vun de Meedercher ass als Puppelche gestuerwen,[3] an ee vun de Jongen, den Edouard, ass den 30. Abrëll 1925 no enger “kuerzer a penibler Krankheet” zu Dikrech am jonken Alter vu 17 Joer verscheet.[14]
De Charles Schaack war de Fils vum Hyacinthe Schaack, de Brudder vum Abbé Edouard Schaack an de Schwoer vum Alfred Houdremont. Hie war de Papp vum Joseph Schaack S.J. an de Grousspapp vum Raymond Schaack an deem sengem Cousin Alain Schaack.
Grad wéi säi Papp huet de Charles Schaack sech och fir Geschicht intresséiert. Hien ass den Auteur vun engem monumentale Wierk iwwer d'Lëtzebuerger, déi vu 1792 bis 1815 an der franséischer Arméi gekämpft hunn (Les Luxembourgeois, soldats de la France: 1792-1815).
De Charles Schaack ass de Protagonist vun de Kriminalgeschichten, déi de Raymond Schaack zesumme mat sengem Fils Luc ënner dem Titel E Fall fir de Charel (2001) an Nei Fäll fir de Charel (2010) publizéiert huet.[18]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.