Lieu-dit a fréier Millen an der Gemeng Rammerech From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Bungerëffer Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen am Sauerdall an der Gemeng Rammerech.
Bungerëffer Millen | |
---|---|
D'Bungerëffer Millen (2015) | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Rammerech |
Buergermeeschter | Toni Rodesch (CSV) |
Koordinaten |
49° 52’ 13.8’’ N 05° 48’ 00.8’’ O |
D'Bungerëffer Mille[1] läit 3 Stroossekilometer nërdlech vu Bungeref ewech an 155 m méi déif um rietsen Uwänner vun der Sauer.
An der Gaardemauer ass e "Fransousesteen" agebaut, deen aus der Zäit vum Napoleon staamt. Nom Kadasterplang vun 1824 huet dës Mauer eng Längt vun 21 m an zwee Waasser-Rieder. Ëm 1930 gouf op der Mille souguer Mais aus Amerika gemuel. Zënter 1952 huet d'Millen de Betrib agestallt a gouf zu engem Hotel ëmgebaut.
Op der Millen huet eng Zäit laang eng 48,5-kW Turbinn Stroum produzéiert[2]. Déi gouf 2006 mat zwou 55-kW Turbinnen ersat. Dat geet duer fir ronn honnert Stéit mat Stroum ze beliwweren[3].
Commons: Bungerëffer Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.