Remove ads
italieenesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bud Spencer (Gebuertsnumm: Carlo Pedersoli)[1], gebuer den 31. Oktober 1929 zu Neapel, a gestuerwen de 27. Juni 2016 zu Roum[2], war en italieenesche Film- an Televisiounsschauspiller, Cascadeur, Jurist, Schwëmmer a Waasserballspiller, Sänger, Komponist, Industriellen, Dréibuchauteur, Museksproduzent an Erfinder, souwéi de Grënner vun der Fluchlinn Mistral Air.
Bud Spencer | |
---|---|
De Bud Spencer (2015) | |
Gebuertsnumm | Carlo Pedersoli |
Gebuer |
31. Oktober 1929 Neapel |
Gestuerwen |
27. Juni 2016 Roum |
Nationalitéit | Kinnekräich Italien, Italien |
Educatioun | Universitéit La Sapienza |
Aktivitéit | Komiker, Sänger, Museksproduzent, Pilot, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Komponist, Schwëmmer, Schrëftsteller, Waasserballspiller, Filmschauspiller, Politiker, Discographesche Kënschtler, Filmregisseur, Autobiograph, Bibliothecaire, Schauspiller |
Partei | Forza Italia |
De Pedersoli ass als éischten Italieener d'100 Meter Nage libre ënnert enger Minutt geschwommen, huet 10 Joer hannerteneen a verschiddenen Disziplinnen d'italieenesch Schwammchampionater gewonnen, war Member vun der italieenescher Waasserballnationalekipp a war 1952 bei den Olympesche Spiller zu Helsinki an 1956 bei deenen zu Melbourne dobäi.
Bekannt gouf e virun allem ënner sengem Pseudonym Bud Spencer, als Komikerduo zesumme mam Terence Hill, an enger ganzer Rëtsch vun Abenteuer- a Westernkaméidisfilmer mat opwänneg inszenéierte Kläppereien an den 1970er an 1980er Joren, ma och a méi seriéisen Italowestern.
Hien hat Droit studéiert, huet tëscht 1960 an 1964 als Komponist vun neapolitanesche Lidder a Lidder fir Schlagersängerinne wéi d'Rita Pavone komponéiert, an ass och mat selwerkomponéierte Lidder woubäi e sech op der Gittar begleet huet, op Tournée gaangen. 1965 huet en eng eege Produktionsgesellschaft vun Déierendocumentairë gegrënnt.
Ausserdeem hat hien e puer Patenter ugemellt, dorënner eent fir e Juegdgewier mat dräi Leef, an eent fir e speziellt Diereschlass.
(däitsch Iwwersetzungen)
Commons: Bud Spencer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.