Britteschen Territoire am Indeschen Ozean

From Wikipedia, the free encyclopedia

Britteschen Territoire am Indeschen Ozean
Remove ads
Remove ads

De Britteschen Territoire am Indeschen Ozean (englesch: British Indian Ocean Territory) ass e brittescht Iwwerséigebitt dat hautdesdaags just nach aus dem Chagos-Archipel besteet.

Britteschen Territoire
am Indeschen Ozean

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
National Devise: In tutela nostra Limuria (la)
Thumb
Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: keng
  Koordinaten:  0’ 0’’ S
      71° 30’ 0’’ O
Staatsform: brittescht Iwwerséigebitt
Fläch: 63,17 km²
Bevëlkerung: 3.000
Nationalhymn: God Save the King
Wärung: US-Dollar
Zäitzon: UTC +6
Internet TLD: .io
Internationalen
Telefonsprefix
:
+246
Thumb

Den Archipel besteet aus siwen Atolle mat ronn 60 meeschtens onbewunnte klengen Inselen. Déi gréisst Insel ass Diego Garcia am Atoll mam selwechten Numm. Déi aner Atolle sinn:

  • Chagos-Archipel, de gréissten Atollkomplex vun der Äerd (mat der Nelsons Insel, Danger Insel, Eagle Insel an Dräi Bridder),
  • Peros Banhos,
  • Salomon Inselen,
  • Egmont Inselen, grad ewéi
  • de Blenheim Riff an d'Speakers Bank, déi just bei Niddregwaasser op d'Waasseruewerfläch kommen a keng Inselen hunn.

D'Insele verdeelen sech iwwer e Gebitt vu 54.400 km². All d'Inselen zesummen hunn eng Fläch vu ronn 60 km².

D'Awunner vun den Insele si vu Mee 1966 u relogéiert ginn a liewen zënterhier op Mauritius, de Seychellen oder am Vereenegte Kinnekräich. D'Insele sinn haut net méi bewunnt, mat Ausnam vun Diego Garcia wou e brittesch-amerikanesche Marinnestëtzpunkt ass, souwéi en astronomeschen Observatoire.

Thumb
Remove ads

Um Spaweck

Commons: Britteschen Territoire am Indeschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads