From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Bréck vu Miersch, och nach Laangbréck genannt, ass eng Bréck op der Nationalstrooss 7 déi Bierschbech mat Miersch verbënnt.
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Miersch |
Koordinaten |
49° 44’ 59.5’’ N 06° 06’ 36.6’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck |
Féiert iwwer | Uelzecht, Eisebunn |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Schréiseelbréck |
Totallängt | 285 m |
Längt tëscht Widderlager | 260 m |
Felder/Béi | 4 |
Feldbreet(en) | 43,3 - 2 × 86,7 - 43,3 |
Breet | 14,20 bis 15,80 m |
Héicht | ± 40 m |
Material | Stol, Bëtong |
Haaptbréck | |
Fräi Héicht | ± 10 m (Maximum) |
Piliershéicht | 30 m iwwer dem Tablier |
Bemierkungen | |
Ersetzt | Bréck vun 1956 |
Opgaangen | 18. Juni 2016 |
Vum Rond-point (N7, rue Lohr, Fielser Strooss) zu Bierschbech aus geet d'Bréck liicht biergop an dréit an engem liichte Bou nordwestlech a Richtung Miersch. Se féiert iwwer d'Uelzecht, d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen an dann an enger liichter Descente laanscht den Depot vun der Bauverwaltung am Weste bis op Miersch op d'Kräizung mat der rue Grande-Duchesse Charlotte an der rue de la Gare.
D'Bréck mat der interner Nummer O.A. 202[1] vu Ponts et Chaussées huet eng Längt vun ongeféier 285 Meter.
Déi al Bréck, aus virgespaantem Bëtong, déi 1956 gebaut gouf, ass wéinst hirem schlechten Zoustand ë. a. vum Eisebëtong an de Cornichen an an de Mauere vun der Bréck[2] an awer och am Kader vun engem neien Amenagement vun de Stroossen tëscht 2014 an 2016 ersat ginn[3].
Déi nei Bréck ass eng Schréiseelbréck mat enger Längt tëscht de Widderlagere vun 260 Meter op véier Felder opgedeelt (43,3 - 2 × 86,7 - 43,3). Si huet zwéin 30 m héich Pilieren[4] déi 20 Seeler droen an zousätzlech op all Säit nach zwéin Opleeër fir déi zwee säitlech Felder. Den Tablier ass 14,20 Meter breet mat enger Evasioun op 15,80 Meter op der Héicht vun de Pilieren.
D'Aarbechte fir déi nei Bréck hunn den 1. September 2014 ugefaangen. Vu Mee bis August 2015 goufen déi uneneegeschweesst stolen Dunne Stéck fir Stéck op déi nei bëtongs Piliere gedréckt. Am September goufen déi zwéi markant rout Pilieren opgeriicht an an de Méint dono goufen d'stole Seeler tëscht de Pilonen an der Bréck festgemaach a gespaant. Den 18. Juni 2016 konnt s'a Betrib geholl ginn. Kuerz drop hunn d'Ofrappaarbechten un der aler Bréck ugefaangen; si waren am September 2016 ofgeschloss.[5]
Déi nei Bréck gouf am Kader un enger ganzer Rëtsch Baumoossname ronderëm Bierschbech a Miersch konzipéiert, woubäi, och:
Commons: Bréck vu Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.