Booster (Rakéitenundriff)

From Wikipedia, the free encyclopedia

Booster (Rakéitenundriff)
Remove ads
Remove ads

Als Booster gëtt an der Raumfaarttechnik a bei militäresche Rakéiten eng Hëllefsrakéit bezeechent, déi beim Start agesat an dann ofgeworf gëtt. Si kann an der Drorakéit un engem baussechten Tank (wéi beim Space Shuttle) festgemaach sinn. Booster maachen zousätzleche Schub beim Start.

Thumb
Ee "GEM 40" Feststoffbooster virun der Montage an eng Delta-II-Rakéit.
Thumb
Ee Feststoffbooster vum Space Shuttle gouf aus dem Mier gefëscht an op Cape Canaveral bruecht.

Si se ausgebrannt, bei gängege Drorakéiten op enger Fluchhéicht vu 40–60 km., gi si ofgetrennt a landen um Buedem oder am Waasser. E puer gréisser Boostere wéi déi vum Space Shuttle, der Ariane 5 an der Energija-Rakéit lande mat Hëllef vu Fallschiermer mëll, fir nees gebraucht oder op Feeler inspizéiert ze ginn.

Och am Beräich vu Fliger an aneren atmosphäresche Fluchkierper fanne Booster fir kuerzzäiteg Schubvergréisserung Gebrauch. Fluchkierper mat Ramjet brauchen zum Beispill fir d'Erreeche vun der noutwendeger Mindestvitesse eng aner Undriffsquell. Och als Starthëllef bei Fliger komme kleng Rakéitebooster zum Asaz. Drohne wéi d'CL-289 ginn aus dem Stand mat engem Rakéitebooster gestart, awer och gréisser militäresch Fliger kënnen dacks optional mat Boosteren ausgerëscht ginn, fir d'Startstreck mat engem JATO-Start ze verkierzen.

Remove ads

Technik

Nom gebrauchtem Dreifstoff gëtt tëscht zwou Bauaarten ënnerscheet:

  • Festdreifstoff-Booster (engl. solid rocket booster, kuerz SRB), wéi si beim Space Shuttle (als Space Shuttle Solid Rocket Booster) a ville Rakéitentype wéi Delta II, Atlas V an Ariane 5 Gebrauch fënnt. An der sowjetescher a russescher Raumfaart gi keng Feststoffbooster benotzt.
  • Flëssegdreifstoff-Booster (engl. liquid rocket booster, kuerz LRB) gi virun allem an de sowjeteschen/russeschen Drorakéite wéi Sojus oder Energija, awer och indesche (GSLV) a chineeseschen (LM-2E an LM-3B) Rakéiten agesat. Op US-amerikanescher Säit gëtt bis elo nëmmen d'Delta IV Heavy LRBs, weiderhi sollen déi sech an der Entwécklung gesaten Falcon Heavy an Atlas V Heavy LRBs gebrauchen. Als Liquid-Fly-Back Booster (LFBB) gi recycléiert Flëssegdreifstoff-Booster bezeechent, déi duerch hir Réckrees als Fliger zu der Startplaz déi héich Startkäschten erofsetze sollen.
  • Bei en ettlechen Drorakéite gëtt och e Mix vun SRB an LRB gebraucht, z. B. bei der europäescher Ariane 44LP an der japanescher H-2A.

Heefeg ginn, jee no Notzlaascht, zwéi oder véier Booster agesat, fir symmetresch Schubverhältnesser ze garantéieren; dës sinn awer och bei der Kombinatioun vun dräi, sechs oder néng Boosteren z'erreechen. Bei der Energija goufen d'Booster puerweis gebëndelt an et konnt een d'Rakéit mat zwou (realiséiert), dräi oder véier vun dëse Boosterkoppelen asetzen. Bei der Delta II ginn 3, 4 oder 9 Boostere gebraucht. Verschidde Rakéiten, wéi d'Atlas V, kënne Boosteren och an onsymmetresche Verhältnesser asetzen; an dësem Fall muss de Schubvektor vun de Boosteren duerch de Massemëttelpunkt vun der Rakéit féieren.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads