Boeing E-3
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Boeing E-3 Sentry ass déi militäresch Versioun vun der Boeing 707-320, déi als AWACS Loftopklärer bei den Loftwaffen vu verschiddene Staaten am Asaz ass. Nieft der fir e Verkéiersfliger ontypescher Bannenariichtung ass um “Daach“ eng grouss Radar-/IFF-Antenn, déi ee kann dréien, installéiert. Dëse Rotodom huet en Duerchmiesser vun 914 cm an eng Déckt vun 183 cm. Den APY-1 Radar huet eng Reechwäit vun 375 km.
E puer vun den 33 Maschinne vun der US-Loftwaff solle bis no 2025 am Déngscht bleiwen.
Déi aktuell 17 Boeing E-3A Sentry Opklärungsfligere vun der NATO, fléien alleguer ënner lëtzebuergeschem Pavillon
D'Standarversioun vun der Sentry dréit déi offiziell Bezeechnung E-3A. Déi meescht Maschinne goufe vun der US-Loftwaff an den 80er Jore moderniséiert a goufen dunn als E-3B bezeechent. Am Laf vun der weiderer Moderniséierung krute vill vun de Fligeren nei CFM Triebwierker an domat d'Bezeechnung E-3C. An de spéiden 80er entwéckelt Boeing zesumme mat British Aerospace eng moderniséiert Versioun vun der Sentry fir d'Royal Airforce an Groussbritannien, d'E-3D. Dëse Modell ass mat neie méi leeschtungsfäege General Electric CFM56-Triebwierker, souwéi enger Virriichtung fir d'Loftbetankung versi ginn, mat där d'Sentry souwuel vun amerikanesche wéi europäeschen Tankfligere betankt ka ginn. Zousätzlech gouf den Asazspektrum erweidert. Parallel zu der E-3D gouf fir Frankräich d'E-3F entwéckelt, déi sech awer nëmme wéinst e puer Detailer ënnerscheeden.
Well de Grondmodell Boeing 707 a seng Variante säit Ufank den 90er net méi produzéiert gëtt, setzen d'US-Loftwaff an aner Interessente wéi Japan vun do un op d'Boeing 767 als Opklärungsplattform.
Immatrikulatioun | Constructeur | Typpebezeechnung | Lafend Nummer |
---|---|---|---|
LX-N19996 | Boeing | 707-329C | 19996 |
LX-N19997 | Boeing | 707-307C | 19997 |
LX-N20000 | Boeing | 707-307C | 20000 |
LX-N20198 | Boeing | 707-329C | 17966 |
LX-N20199 | Boeing | 707-329C | 20199 |
LX-N790442 | Boeing | E-3A | 22855 |
LX-N790443 | Boeing | E-3A | 22838 |
LX-N790444 | Boeing | E-3A | 22839 |
LX-N790445 | Boeing | E-3A | 22840 |
LX-N790446 | Boeing | E-3A | 22841 |
LX-N790447 | Boeing | E-3A | 22842 |
LX-N790448 | Boeing | E-3A | 22843 |
LX-N790449 | Boeing | E-3A | 22844 |
LX-N790450 | Boeing | E-3A | 22845 |
LX-N790451 | Boeing | E-3A | 22846 |
LX-N790452 | Boeing | E-3A | 22847 |
LX-N790453 | Boeing | E-3A | 22848 |
LX-N790454 | Boeing | E-3A | 22849 |
LX-N790455 | Boeing | E-3A | 22850 |
LX-N790456 | Boeing | E-3A | 22851 |
LX-N790458 | Boeing | E-3A | 22853 |
LX-N790459 | Boeing | E-3A | 22854 |
Commons: E-3 Sentry – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.